Glod an De Nutte verpasse ganz knapp d'Dubbelvictoire zu Lima

© FLTT
An der Finall huet sech de Lëtzebuerger Duo misse mat 2:3 géint déi favoriséiert däitsch Koppel Dang Qui an Nina Mittelham geschloe ginn.
Den Eric Glod an d'Sarah De Nutte hunn déi lescht Deeg beim WTT-Contender-Tournoi zu Lima am Peru eng staark Leeschtung gewisen. Um Enn hu si d'Schlussvictoire am gemëschten Dubbel nëmme ganz knapp verpasst. An der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit hu si sech an der Finall misse mat 2:3 an 11:13 am Entscheedungssaz de favoriséierten Däitschen Qang Qui (WR 14) an Nina Mittelham (WR 16) geschloe ginn.
De Start fir den Duo Glod / De Nutte an der Finall ass perfekt gelaf. No 11:9 an 12:10 louche si mat 2:0 a Féierung. Ma d'Koppel Qui / Mittelham, déi beim Tournoi op 1 gesat war, ass zeréckkomm an huet mat 11:8 an 11:7 am drëtte a véierte Saz op 2:2 ausgeglach. Am decisive Saz hunn dunn d'Lëtzebuerger zwee Matchbäll verginn. Déi Däitsch hunn dogéint hiren éischten direkt genotzt a sech domadder mat engem 13:11 d'Victoire geséchert.
De Verlaf vum Tournoi vum Eric Glod a Sarah De Nutte:
Rd 16: Duffoo F. / Duffoo I. (PER, WR 616/nr) 3:0 (7, 7, 7)
¼-Fin.: Burgos Nicolas / Vega Paulina (CHI, WR 383/85) 3:2 (4, -10, -7, 6, 6)
½-Fin.: Su Pei-Ling / Feng Yi-Hsin (TPE, WR 254/106) 3:1 (-5, 9, 4, 9)
Finale: Qui Dang / Mittelham Nina (GER, WR 14/16) 2:3 (9, 10, -8, -7, -11)

© FLTT