Internationale Futtball2:0-Victoire fir Arsenal am Spëtzematch zu Tottenham

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et e knappen 1:0-Erfolleg fir Chelsea géint Crystal Palace. A Spuenien huet Atlético Madrid zu Almería just 1:1 gläich gespillt.

Lazio Roum huet an der Serie A an Italien dräi Punkte vu Sassuolo mat an d’Haaptstad geholl.

A Frankräich gouf et eng däitlech 5:1-Victoire vu Lille géint Troyes.

Premier League

Chelsea - Crystal Palace 1:0
1:0 Havertz (64')

Op der Stamford Bridge gouf et vun Ufank un eng animéiert Partie. Béid Ekippen haten an der éischter Hallschent grouss Golchancen. Déi zwee Golkippen haten awer e gudden Dag erwëscht an hunn de Ball net an de Filet gelooss. No der Paus huet d’Heemekipp mat méi Drock no vir gespillt a huet sech an der 64. Minutt mam 1:0 belount. Den Havertz hat de Ball an de Gol gekäppt. An der Suite huet d’Chelsea de Match geréiert an de Gäscht ass et net méi gelongen, e Gol ze markéieren. Mat der Victoire bleift Chelsea op der Plaz 10 an der Tabell, huet awer elo nees Uschloss un déi international Plazen.

Tottenham - Arsenal 0:2
0:1 Lloris (14', Selbstgol), 0:2 Ödegaard (36')

An der 1. Hallschent war Arsenal déi dominant Ekipp um Terrain. Duerch en ongléckleche Selbstgol vum Golkipp Lloris an engem flotte Schoss vum Ödegaard louchen d’Gunners an der Paus mat 2:0 vir. Vun Tottenham koum bis dohin net vill. No der Paus war d’Heemekipp awer méi staark an hate méi vum Match. Kloer Golchancë sollten awer net eraussprangen. D’Gäscht hunn hire Virsprong bis zum Schluss gehalen. An der Tabell huet Arsenal elo 8 Punkten Avance op Manchester City.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Lazio Roum 0:2
0:1 Zaccagni (45+3', Eelefmeter), 0:2 Felipe Anderson (90+4')

No dräi Matcher ouni Succès konnt Lazio Roum nees eng Victoire feieren. Obwuel Sassuolo iwwert déi 90 Minutte gutt matgehalen huet, sinn déi zwee Goler fir d’Gäscht an de richtege Momenter gefall. Kuerz virun der Paus ass Lazio duerch en Eelefmeter vum Zaccagni a Féierung gaangen. Den Deckel op d’Partie huet de Felipe Anderson an der Nospillzäit vun der 2. Hallschent gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Troyes 5:1
1:0 Bayo (16'), 2:0 David (45+1'), 3:0 Bayo (47'), 3:1 Balde (65'), 4:1 Virginius (75'), 5:1 David (88')

Lille huet déi 3 Punkten duerch eng souverän Victoire géint Troyes doheem gehalen. Schonns no den éischte 45 Minutte louch d’Heemekipp mat 2:0 a Féierung. Direkt no der Paus huet de Bayo mat sengem 2. Gol op 3:0 erhéicht. De Gäscht ass duerch de Balde den Uschlossgol gelongen. Lille war awer weiderhin iwwerleeën an huet bis zum Schluss nach 2 weider Goler markéiert. Troyes huet am ganze Match just zweemol op de Gol geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Almería - Atlético Madrid 1:1
0:1 Correa (18'), 1:1 Touré (37')

Eng Iwwerraschung gouf et iwwerdeems zu Almería. An enger ausgeglachener Partie huet sech de Favorit Atlético misse mat engem 1:1-Remis zefridde ginn. De Match hat gutt aus der Siicht vun de Gäscht ugefaangen a si sinn an der 18. Minutt a Féierung gaangen. D’Heemekipp huet awer reagéiert a huet nach virun der Paus den Ausgläich markéiert. An der 2. Hallschent gouf et op béide Säite wéineg Golchancen, soudass et beim 1:1 bliwwen ass. An der 89. Minutt krut de Reguilon vun Atlético nach déi giel-rout Kaart gewisen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO