Sportkeelen2 mol Sëlwer an 2 mol Bronze op der Jugend-WM

RTL Lëtzebuerg
Vum 2. bis de 6. August 2023 stoung déi 14. Jugend-WM zu Düsseldorf an Däitschland um Programm. De Bilan fält mat 2 mol Sëlwer an 2 mol Bronze positiv aus.

Et konnt e gespaant sinn, wéi deen neie Spillsystem géif bei de Sportler ukommen. Dëse gouf jo no der Hären- an Dammen-Weltmeeschterschaft d’lescht Joer zu Tréier adaptéiert. “Den neie Spillsystem ass elo méi gerecht, well och elo Holzzuel nees e Gewiicht huet an net nëmme Punkte pro Bunn verdeelt ginn”, esou d’Jugendtrainerin Mandy Parracho. Dem Spectateur doheem ass awer opgefall, dass nach un e puer Schrauwe muss gedréint ginn, fir den aktuell spannende System nach weider ze verbesseren.

Am Tandem-Mixte an der Kategorie U24 gouf Lëtzebuerg mam Kim Poorters a Luca Wolter Vize-Weltmeeschter. Den Titel goung un e staarken Duo aus Däitschland, ma eng däitsch Koppel konnten d’Rout Léiwen hannert sech halen, wat positiv ze bewäerten ass. Eng weider Sëlwermedail konnt de Luca Jungers bei der U18 an enger neier Disziplin féieren, déi op dëser Jugend-WM fir d’éischt gespillt ginn ass. Am “Kombi-Sprint” huet d’Nowuesstalent, dee fir d’éischt Kéier bei esou engem groussen Tournoi mat dobäi war, de Sprong bis an Final gepackt, wou hien awer géint de Graes aus Däitschland den Kierzere gezunn huet.

Bronzemedaile gouf et nach par Ekipp U24, wou den Alain Blasen, Luca Wolter, Jerry Welter a Melven Olsem am Asaz waren an am Tandem U24, wou déi zwee Spiller vum SKV Trier Jerry Welter a Luca Wolter zesumme gespillt hunn.

Just am Eenzel an der Kategorie U24 ass de Luca Wolter ënnert sengen Erwaardunge bliwwen. D’Lëtzebuerger Delegatioun huet mat enger Participatioun an der Final fest gerechent, ma de Bundesliga-Spiller war net richteg a Form a gouf an der Halleffinall eliminéiert.

D’Hoffnunge waren och beim Kim Poorters grouss. D’Lëtzebuerger Spillerin, déi aktuell fir Gilzem an Däitschland spillt, huet de Sprong an d’Final gepackt, huet do awer leider verletzungsbedéngt missten opginn.Besonnesch batter, well d’Chance op eng weider Medail grouss war.

Ënnert dem Stréch awer eng gelonge Jugend-Weltmeeschterschaft aus der Sicht vun der Lëtzebuerger Jugendkommissioun, wou och e puer Spiller, déi fir d’éischt eng WM gespillt hunn, mat hire gudde Leeschtungen iwwerrascht hunn.

Am Medailespigel koum Lëtzebuerg op déi 3. Platz hannert Däitschland a Brasilien.

Back to Top
CIM LOGO