"Queen and King of the Court" kënnt ëmmer méi no

Vum 27. Juni bis 1. Juli ginn am Beachvolleyball d'"Queen and King of the Court European Finals" organiséiert.
Et ass dat bis elo gréisste Beachvolleyball-Event, dat et jee zu Lëtzebuerg gouf. Organiséiert gëtt dat Ganzt um Site vun der Coque. D'Spektakel ass d'Finall vun der Crown Series, d'lescht Joer gouf dës zu Utrecht an Holland gespillt. Déi bescht Lëtzebuerger Beachvolleyballspiller wäerte sech hei mat Olympiagewënner an dem Rescht vun der Weltspëtzt am innovative "Queen and King of the Court"-Format moossen.
Um 5. a leschten Dag wäerten dann d'Gewënner feststoen, nodeems no an no ëmmer nees verschidden Duoen eliminéiert ginn. "Et ass spannend a wierklech eng eenzegaarteg Geleeënheet fir Lëtzebuerg, esou eng Weltklass-Kompetitioun ze organiséieren. Et wäert Opmierksamkeet bréngen an hoffentlech e richtege Beachvolleyball-Féiwer uechter d'Land an d'Grenzregioun ausléisen", esou déi fréier Lëtzebuerger Beachvolleyball-Spillerin an aktuell FLVB-Presidentin Norma Zambon.