E Mëttwoch goufe beim "Queen & King of the Court" d'Partië vun der Gruppephas gespillt.

Bei den Hären hu sech fir d'Grupp A vun de Véierelsfinallen Losiak & Bryl, Gauthier-Rat & Krou, Boehlé & Sengers, Bercik & Nemec a Perušič & Schweiner qualifizéiert.

Am Grupp B sinn et Popov & Reznik, Åhman & Andersson, Kantor & Zdybek, Krattiger & Breer an Canet & Rotar. An am leschte Grupp C dann Wickler & Ehlers, Lupo & Rossi, Trummer & Dressler, Aye & Aye a Sedlak & Dumek.

Déi dräi Lëtzebuerger Ekippe goufen all eliminéiert.

Bei den Damme stinn d'Véierelsfinallen och alleguer fest.

An der Grupp A sinn dat d'Koppelen Samoilova & Graudina, Klinger & Klinger, Vasiliauskaite & Kliokmanaite, E. Piersma & M. Van Driel an Hermannova & Stochlova.

An der Grupp B si weider d'Koppele B. Piersma & E. Van Driel, Tillmann & Müller, Placette & Richard, Helland-Hansen & Olimstad a Carro & Lobato Herrero .

Ëm Halleffinalle kämpfen an der Grupp C d'Ludwig & Lippmann, Gruszczynska & Wachowicz, Gonzalez & Paula, Grudzinskaite & Grudzinskaite an Havelkova & Slukova.

D'Lëtzebuerger Ekipp Delcourt & Klerf gouf eliminéiert a gëtt op der 16. Plaz gewäert.

Op RTL.lu kënnt Dir vun en Donneschdeg 13 Auer un och d'Matcher am Livestream suivéieren.