Mamm vum Luis Rubiales geet an den Hongerstreik

Nom Kuss-Skandal vum President vun der spuenescher Futtballfederatioun an dem weltwäite Skandal gräift d'Mamm vum Luis Rubiales zu ongewéinleche Mesuren.
D'Angeles Bejar ass spuenesche Medien no wéinst "der onmënschlecher a bluddeger Juegd" op hire Bouf an den Hongerstreik getrueden. Dofir huet si sech an hirer Heemecht Motril an der Kierch agespaart an annoncéiert, esoulaang näischt z'iessen, bis et Gerechtegkeet fir hire Jong géing ginn. Och d'Tata vum Rubiales soll mat an der Kierch am Quartier Capuchinos sinn.
D'Angeles Bejar fuerdert d'Wouerecht vun der Jennifer Hermoso. Et léich keen Iwwergrëff vir, well béid Parteien averstane gewiescht wieren. Hire Bouf wier "net kapabel, iergendeen ze verletzen". Si géing sech froen "firwat si et un him ausloossen" a wat "hannert dëser ganzer Geschicht stécht", sot seng Mamm weider.
Déi spuenesch Futtballfederatioun fuerdert hire Chef Luis Rubiales op, direkt zréck ze trieden.
D’Regionalpresidente waren e Méindeg beieneen a schwätzen vun engem "inacceptabele Verhalen". De Kuss, deen hien der Nationalspillerin opgedrängt hätt, géif dem Image vum spuenesche Futtball staark schueden. Bei engem Récktrëtt vum Rubiales soll donieft och profitéiert ginn, fir wichteg Posten an der Federatioun ëmzestrukturéieren.
De spuenesche Parquet huet dann och eng Vir-Enquête annoncéiert, fir ze préiwen, ob ee kéint vun engem sexuellen Iwwergrëff schwätzen. D’Vereenten Natiounen hu sech och agemëscht a bedaueren de Sexismus am Sport.