E Sonndeg stoung an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat de kompletten 8. Spilldag um Programm.

Am Spëtzematch stounge sech Déifferdeng an Diddeleng géintiwwer. Um Enn hu sech béid Formatioune mat engem 2:2-Remis getrennt. Déifferdeng dierft iwwer dëst Resultat enttäuscht sinn, bei Diddeleng dierft sech de Remis wéi eng Victoire ugefillt hunn.

No den éischte 45 Minutte stoung et 0:0 tëscht béiden Ekippen. An der zweeter Hallschent war Déifferdeng déi besser Ekipp a war duerch den Abreu an der 51. Minutt an den El Idrissi an der 70. Minutt mat 2:0 a Féierung gaangen. Déifferdeng hat duerno och nach den 3:0 um Fouss, ma den Hadji konnt de Ball net erasetzen. Bis kuerz viru Schluss huet et no enger Victoire fir den Doublé-Gewënner ausgesinn, ma Diddeleng huet Moral gewisen an net opginn. An der 89. Minutt konnt den Azevedo Magalhaes fir den F91 op 2:1 verkierzen. Dat sollt et nach net gewiescht sinn. An der éischter Minutt vun der Nospillzäit huet den Dinho den 2:2 geschoss an esou den Diddelenger nach ee Punkte geséchert.

An der Tabell bleift den F91 Diddeleng un der Spëtzt. Neien Tabellenzweeten ass Déifferdeng mat 13 Punkten an zwee Matcher manner. Drëtten ass Stroossen och mat 13 Punkten. Déi Stroossener hunn um Sonndeg iwwerdeems mat 1:3 beim Opsteiger Biissen de Kierze gezunn.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Déifferdeng-Diddeleng 2:2
1:0 Abreu (52'), 2:0 El Idrissi (70'), 2:1 Azevedo Magalhaes (89'), 2:2 Dinho (90+1')

Hueschtert-Jeunesse 1:3

0:1 De Sousa (31'), 0:2 Omosanya (35'), 1:2 Fernandes (68'), 1:3 Elshan (90+1')

Racing-Rouspert 1:0
1:0 Saban (37')

Kanech-Munneref 1:0
1:0 Amofa-Diatuo (45+2')

Hesper-Rodange 1:0
1:0 Savane (45')

Mamer-Péiteng 1:1
1:0 Jager (37'), 1:1 Arab (57')

Biissen-Stroossen 3:1
1:0 Abi Ramzi (28'), 2:0 Abi Ramzi (42'), 3:0 Ferber (50'), 3:1 Romeyns (90+3')

Käerjeng-Nidderkuer 3:4
1:0 Gerson (4'), 1:1 Avdusinovic (26'), 1:2 Peugnet (33'), 2:2 Bellali (38'), 2:3 Avdusinovic (48'), 3:3 Mabwati (65'), 3:4 Avdusinovic (66')

D'Tabell