Tadej Pogacar dominéiert a verdeedegt WM-Titel

© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP
E Sonndeg ass zu Kigali a Ruanda d'Cyclissem-WM op der Strooss op en Enn gaangen.
E Sonndeg huet sech den Tadej Pogacar op en Neits de Weltmeeschtertitel op der Strooss geséchert. De Sloween ass zu Kigali a Ruanda a senger eegener Liga gefuer an huet no 267,5 Kilometer an iwwer 5.500 Héichtemeter mat enger Avance vu ronn enger Minutt an 30 Sekonnen op de Belsch Remco Evenepoel gewonnen. Bronze huet sech de Ben Healy geséchert. Den Ir hat e Réckstand vun zwou Minutten a 16 Sekonnen.
104 Kilometer virun der Arrivée hat sech de Pogacar zesumme mam Isaac Del Toro vum Rescht vun der Konkurrenz ofgesat. 66 Kilometer virun der Arrivée konnt och de Mexikaner d'Rad vum Tour-France-Gewënner net méi halen an huet misse lassloossen. Vun deem Ament un ass de Pogacar en solitaire der Victoire entgéint gefuer.
E Lëtzebuerger Coureur war net um Depart.
Resumé
Eng Virentscheedung ass 104 Kilometer virun der Arrivée gefall. Den Tadej Pogacar an den Isaac Del Toro hu sech am Mont Kigali (6km laang an am Schnëtt 6,7 Prozent géi) vun de weidere Konkurrenten ofgesat. Beim Duo un der Spëtzt huet ee fréi gesinn, datt den Del Toro méi schwaach war wéi de Pogacar. 66 Kilometer virun der Arrivée huet de Mexikaner dann och endgülteg misse lassloossen an de Sloween huet sech eleng op de Wee a Richtung Arrivée gemaach.
Hannert dem Tour-de-France-Gewënner huet sech 60 Kilometer virun der Arrivée e Grupp aus fënnef Coureure forméiert. Hei mat dobäi de Remco Evenepoel, de Mattias Skjelmose, de Ben Healy, den Thomas Pidcock an den Jai Hindley. Si haten e Retard vun enger Minutt op de Pogacar. Den Isaac Del Toro konnt och mat deem Grupp net mathalen an ass weider no hannen duerchgereecht ginn.
Den Tadej Pogacar konnt den Ecart op de Verfolgergrupp konstant bei ronn enger Minutt halen. An dësem hunn iwwerdeems missen den Thomas Pidcock an den Jai Hindley lassloossen, sou datt 45 Kilometer virun der Arrivée nëmmen nach en Trio an der Poursuite op de Pogacar waren.
20 Kilometer virun der Arrivée huet de Remco Evenepoel am Verfollgergrupp attackéiert an huet Skjelmose an Healy stoe gelooss.
Den Tadej Pogacar konnt seng Avance un der Spëtzt a Richtung Arrivée weider ausbauen an huet e Virsprong vun enger Minutt an 28 Sekonnen op den Evenepoel op déi lescht 14 Kilometer geholl. De Skjelmose an den Healy haten e Réckstand vun enger Minutt an 51 Sekonnen.
Bis op d'Arrivée sollt sech un der Spëtzt näischt méi änneren. Gold geet deemno un den Tadej Pogacar, Sëlwer un de Remco Evenepoel a Bronze un de Ben Healy. Den Healy konnt op de leschte Kilometer nach de Skjelmose ofhänken.

© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP
D'Top10 vun der Härecourse
1 Pogačar Tadej Slovenia 6:21:20
2 Evenepoel Remco Belgium 1:28
3 Healy Ben Ireland 2:16
4 Skjelmose Mattias Denmark 2:53
5 Skujiņš Toms Latvia 6:41
6 Ciccone Giulio Italy 6:47
7 del Toro Isaac Mexico ,,
8 Ayuso Juan Spain ,,
9 Eulálio Afonso Portugal 7:06
10 Pidcock Thomas Great Britain 9:05