Den aktuell suspendéierte President vum spuenesche Futtballverband huet dem Weltverband FIFA e brisante Video zougespillt, deen hien entlaaschte soll.

Am Video ass ze gesinn, wéi déi spuenesch Nationalspillerinnen angeeblech am Ekippebus de Gewënn vum Weltmeeschtertitel feieren a Witzer iwwert de Virfall maachen. Och d'Jennifer Hermoso, wat wärend der Präisiwwerreechung no der WM-Finall vum Rubiales op de Mond gekusst gouf, ass am Video ze gesinn. Ze héieren ass, wéi d'Spillerinne "Kuss, Kuss, Kuss" ruffen. Wéi de Verbandspresident Rubiales am Bus un de Spillerinne laanschtgeet, ruffe se "Presi, Presi, Presi".

De Luis Rubiales refuséiert, a senger Funktioun zeréckzetrieden a betount weiderhin, datt de Kuss an Entente mat der Spillerin geschitt ass, d'Jennifer Hermoso streit dëst of.