Luis Rubiales trëtt als Chef vum spuenesche Futtballverband zeréck

© JOSE BRETON via AFP
Laang huet hie refuséiert ze goen, ma lo soll et eegenen Aussoen no dann dach passéieren.
Wochelaang gouf de Récktrëtt vum Luis Rubiales nom Kuss-Skandal bei der WM-Finall vun den Damme versicht ze verhënneren, ma elo gouf dëse Schratt trotzdeem annoncéiert, dat vun him selwer. Dëst huet hien an engem Interview mam brittesche Journalist Piers Morgan gesot.
Wéi et am Interview heescht, kéint hien esou seng Aarbecht net méi weidermaachen a wéilt och net méi nëmmen u sech denken an dëser Affär.
De Rubiales hat jo bei der Éierung vun de spuenesche Spillerinnen no der WM-Victoire zu Sydney den 20. August, d'Spillerin Jennifer Hermoso op de Mond gekusst.