Luis Rubiales muss sech vum Jenni Hermoso ewechhalen

© AFP/Thomas COEX
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband muss sech an Zukunft op d'mannst 200 Meter vun der spuenescher Nationalspillerin ewechhalen.
Och däerf hie kee Kontakt mat hir ophuelen, wéi e Geriicht zu Madrid e Freideg decidéiert huet.
De Rubiales hat no der Victoire vun der spuenescher Dammen-Nationalekipp bei der WM de Kapp vun der Spillerin Jennifer Hermoso mat béiden Hänn festgehalen a si op de Mond gekusst. Viru Geriicht huet hien op en Neits all Reprochë vu sech gewisen, d'Spillerin wier mam Kuss d'accord gewiescht. Dës gesäit de Virfall dogéint als e sexuellen Iwwergrëff. D'Verhale vum Verbandspresident huet d'Leit am In- an Ausland schockéiert an eng Kris am spuenesche Futtball ausgeléist. D'Nationalspillerinnen hunn annoncéiert, hire Streik virunzeféieren, bis gréisser Reformen am spuenesche Futtballverband entaméiert géife ginn.