Futtball - Spuenien
Fifa confirméiert Rubiales-Spär

Rubiales bleift gespaart / © AFP
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband Luis Rubiales bleift nom Kuss-Skandal fir dräi Joer duerch d'Fifa gespaart.
Déi responsabel Fifa-Kommissioun huet den Appell vum 46 Joer ale Spuenier ofgewisen an déi Enn Oktober decidéiert Sanktioun confirméiert, dat huet d'Fifa e Freideg matgedeelt. De Rubiales hat bei der Präisiwwerreechung vun der WM-Finall de leschten August d'Nationalspillerin Jennifer Hermoso ouni hiren Accord op de Mond gekësst.
A senger Heemescht muss sech de Rubiales wéinst dem Virfall an engem Prozess veräntwerten.
Am meeschte gelies