Parquet fuerdert 2,5 Joer Prisong fir de Luis Rubiales

© AFP
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband gëtt ënnert anerem wéinst "sexueller Belästegung" ugeklot.
De spuenesche Parquet huet e Mëttwoch eng Strof vun zwee an engem hallwe Joer Prisong an eng Entschiedegung fir d'Affer vun op d'mannst 50.000 Euro fir de fréiere spuenesche Futtballchef Luis Rubiales am Fall vum gezwongene Kuss vun der Spillerin Jenni Hermoso gefrot, dat geet aus de publizéierte Geriichtsdokumenter ervir.
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband (RFEF) gëtt ënnert anerem wéinst "sexueller Belästegung" ugeklot, nodeem hien am August 2023, Minutten no der WM-Victoire vun de "Roja" géint Australien, d'Nummer 10 vun der spuenescher Futtballnationalekipp iwwerraschend op de Mond gekësst hat - e Geste, deen a Spuenien an am Ausland fir vill Opreegung a Kritik gesuergt hat.
Rezent gouf et eng Reform vum spuenesche Strofgesetz. An dësem kann elo e Kuss, deen net am Averständnis vu béide Persoune war, als sexuellen Iwwergrëff betruecht ginn.
De 46 Joer ale Rubiales hat duerno all sexuell Konnotatioun bestridden, de Kuss wier aus den Emotiounen eraus entstanen.
Am September 2023 war de Rubiales vu sengem Posten als Federatiounspresident zeréckgetrueden. D'FIFA huet de Spuenier fir 3 Joer gespaart. Donieft gëtt géint de Luis Rubiales wéinst Korruptioun am Kader vu senger Positioun als Federatiounspresident enquêtéiert. Den Ex-president ass zanter enger Zäit an der Dominikanescher Republik, wou hie fir national Federatioune schafft. Wéinst senger Fifa-Spär an der Haaptsaach fir Baseball.