Leandro Barreiro verléisst Mainz Richtung Benfica Lissabon

© AFP (Archiv)
Een Dag nom leschte Spilldag an der däitscher Bundesliga huet Mainz den Depart vum Lëtzebuerger Nationalspiller confirméiert.
Nom leschte Spilldag an der däitscher Futtball-Bundesliga huet Mainz confirméiert, datt de Leandro Barreiro de Veräi wäert verloossen. De Club huet dem Mëttelfeldspiller op de Sozialen Netzwierker Merci gesot.
E Samschdeg hat de „Sportvorstand“ Christian Heidel scho gesot, datt all Schratt ofgeschwat war, an datt och Benfica Lissabon, den neie Veräin vum Barreiro, perfekt matgespillt hätt, datt ausser eng Rumeur näischt no baussen gedroe gouf.
De Leandro Barreiro huet dës Saison 4 Goler geschoss an hat e groussen Undeel um Maintien vu Mainz 05.