2013 war den Héichpunkt an der Karriär vun der Volleyballspillerin

© RTL
D'Spillerin vum VC Mamer trëppelt no iwwer 25 Joer op héchstem nationale Niveau elo e bësse méi lues.
An eisem Podcast „Drëtt Hallschent de Sporttalk“ ass dës Woch d‘Martine Emeringer. Den Highlight op der internationaler Bün mat der Nationalequipe war 2013, d‘Spiller vun de klenge Länner hei zu Lëtzebuerg, mat der eenzegaarteger Ambiance an der Coque. Als Kiischt um Kuch gouf et deemools och nach d‘Sëlwermedail.
Bal d‘ganz d‘Karriär zu Mamer an dobäi 8 mol Champion an 10 mol d‘Coupe gewonnen
D‘Martine Emeringer huet am Alter vu 16 Joer zu Mamer mam Volleyball ugefaangen. Et war just ee Joer no hirer Schwangerschaft, datt déi fréier Nationalspillerin zu Amber-Lënster gespillt huet a mat deem Veräin den Opstig an déi iewescht Divisioun gepackt huet. No enger Saison koum awer de President vum VC Mamer nees uklappen, an d‘Léierin vu Beruff huet nach e puer Joer op héchstem Niveau zu Mamer drugehaangen. An der neier Saison, déi elo ufänkt, wëll déi 44 Joer al Passeuse hir Erfarung an der zweeter Equipe vu Mamer un déi jonk Spillerinne weider ginn.
Mir haten an de leschte Joren net vill Jonker déi dee Bëss hate fir samschdes bei der éischter Equipe mat op d‘Bänk ze kommen
D‘Martine Emeringer huet festgestallt, datt an de leschte Joren déi Jonk bei hirem Club dacks gewiesselt sinn, wëll se am Ufank net vill Asazzäit kréien, an an engem anere Veräin vläicht méi dovu versprach kruten. Zu Mamer wär et mat den Ambitioune vum Club am Ufank méi schwéier. An hire jonke Jore war d‘Passeuse immens houfreg, iwwerhaapt bei der éischter Equipe op der Bänk dobäi däerfen ze sinn. Et muss ee sech och beweisen an de Wëllen hunn ze spillen, esou déi fréier Nationalspillerin.
D‘Spiller vun de klenge Länner hei zu Lëtzebuerg waren eng super Erfarung
2013 war fir d‘Martine Emeringer den Héichpunkt vun hirer internationaler Karriär. D‘Ambiance an der Coque war eenzegaarteg. Déi Spiller waren an hiren Aen esou schéin an esou flott organiséiert - et waren och esou vill Leit am Gymnase. D‘Kiischt um Kuch war d‘Sëlwermedail mat der FLVB-Formatioun.
D‘Spiller vun de klengen Länner 2007 zu Monaco waren och immens, well den Hotel vun alle Natiounen e grousst Croisièresschëff war. Net esou positiv waren d‘Spiller 2009 op Zypern. Et huet een einfach net an den Tournoi era fonnt, an um Enn war et just déi leschte Plaz.