Net d'Taylor Swift, ma de Bad Bunny trëtt an der Halftime Show op

© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'NFL huet matgedeelt, dass de Latin-Rap-Star Bad Bunny am Februar den Headliner vun der faméiser Show an der Hallschent vum Super Bowl wäert sinn.
Headliner vun der Halftime Show am nächste Super Bowl wäert de Bad Bunny sinn. Wéi d'NFL matgedeelt huet, wäert de Grammygewënner den Haapt-Act si vun der riseger Show, déi all Joers vun zeg Millioune Leit suivéiert gëtt.
Den 31 Joer ale Benito Antonio Ocasio huet an de leschte Jore sëllege Rekorder am Streaming opgestallt, dräi Grammyen an 12 Latin Grammys gewonnen. Donieft spillt hien an Hollywood-Filmer mat a modelt fir grouss Moudenhaiser.
Fir d'National Football League ass et e weidere Schratt, fir mam puerto-ricanesche Weltstar nei Zilgruppen z'erschléissen. De Bad Bunny hat dëst Joer réischt gefeiert Optrëtter ofgeliwwert op de WrestleMania-Eventer. D'Lat beim Super Bowl läit awer héich: d'Halftime Show vum Kendrick Lamar d'lescht Joer hate gutt 133 Millioune Leit gekuckt - souvill wéi zanter dem Michael Jackson sengem 1993er Optrëtt net méi.

De Kendrick Lamar an der Haltime Show vum Super Bowl 2025. / © AFP
Direkt no der Annonce hunn d'Spekulatiounen ugefaangen, wéi eng Guest-Stare mat dobäi wäerte sinn. Sécher ass op alle Fall, dass sech domat déi méintelaang Gerüchter ëm e méiglechen Optrëtt vum Taylor Swift a Loft opgeléist hunn. De 60. Super Bowl gëtt den 8. Februar zu San Francisco gespillt.