Olesen suergt fir Köln-Victoire, Real nëmme mat Remis op Mallorca

© AFP
E Sonndeg ass ënnert anerem am däitschen DFB-Pokal, an der La Liga an an der Premier League de Ball gerullt.
DFB-Pokal
E Sonndeg war et d'Suite vun der éischter Ronn am DFB-Pokal. Eng Ronn weider ass Köln. Den Zweetligist konnt sech no Verlängerung mat 3:2 zu Sandhausen (3. Liga) behaapten. Den decisive Gol huet de Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olesen an der 116. Minutt markéiert.
Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte hat beim 7:0 géint Hildesheim (Oberliga Niedersachsen) keng Probleemer.
Eng Victoire gouf et dann och fir den HSV. Déi Hamburger (2. Bundesliga) hunn auswäerts bei Meppen aus der Regionalliga Nord mat 7:1 gewonnen.
Mam VfL Bochum ass an der éischter Ronn e Veräin aus der Bundesliga eliminéiert ginn. Beim Opsteiger aus der 2. Bundesliga Jahn Regensburg gouf et eng 0:1-Néierlag. Eliminéiert gouf och e bëssen iwwerraschend Düsseldorf aus der 2. Bundesliga. Auswäerts huet ee mat 0:2 géint Dresden aus der 3. Liga verluer.
La Liga
Véier Deeg no der Victoire vum Uefa-Supercup stoung fir Real Madrid den Optakt an der La Liga um Programm. Hei gouf et fir de kinnekleche Starensembel nëmmen een 1:1-Remis op Mallorca. An der 13. Minutt war Real duerch de Rodrygo a Féierung gaangen. An der 53. Minutt hat de Muriqi ausgeglach. Kuerz virum Enn vum Match war de Mendy no engem Trëtt vun hanne géint de Muriqi nach mat glat Rout vum Terrain gesat ginn.
Premier League
No der Victoire am Community Shield (7:6 am Eelefmeterschéisse géint Manchester United) ass den englesche Champion Manchester City e Sonndeg an d'Missioun Titelverdeedegung gestart. Géigner war den FC Chelsea. Um Enn huet de Champion seng Chancen äiskal ausgenotzt a sech mat 2:0 behaapt. D'Goler hunn den Haaland, säin 91. Gol a sengem 100. Match fir d'Citizens, an de Kovacic geschoss.