Alessio Curci séchert Francs Borain 3 Punkten

© RTL / Val Wagner (Archiv)
Eng Defaite gouf et fir de Maxime Chanot an Amerika a fir den Olivier Thill an der Ukrain. De Sébastien Thill an de Mathias Olesen krute jeeweils 1 Punkt.
An der 2. däitscher Bundesliga stoung e Sonndeg d'Partie Schalke géint Köln um Programm, e Match mat vill Traditioun. Köln louch no 47 Minutten 3:0 vir a Schalke konnt eréischt duerno den Uschloss markéieren. De Mathias Olesen koum op Kölner Säit wärend 90 Minutten net an den Asaz. Köln feiert domat déi zweet Victoire hannerteneen.
An der éischter belscher Liga stoung fir den Anthony Moris an Union St. Gilloise den Derby géint Anderlecht um Programm. Um Enn sollt et kee Gewënner ginn, béid Ekippen trenne sech 0:0. Dobäi hat de Rodriguez d'Geleegenheet, St. Gilloise an der 22. Minutt per Eelefmeter a Féierung ze bréngen, huet dësen awer verschoss. St. Gilloise ass no 6 Matcher wuel just 8., läit awer just 2 Punkten hannert de Leaderen Dender an Anderlecht.
Wéi de Laurent Jans, ass och den Alessio Curci an der 2. belscher Liga ënnerwee. De jonke Lëtzebuerger konnt mat sengem Veräin Francs Borains eng 2:1-Victoire bei der zweeter Ekipp vu KRC Genk feieren. De Curci gouf an der 65. Minutt agewiesselt an huet an der 79. Minutt den decisive Gol fir seng Faarwe geschoss.
An der Ukrain mussen den Olivier Thill a Cherkasy eng 0:1-Néierlag verdauen. Am Spëtzematch géint den ukrainesche Rekordchampion Dynamo Kiew stoung de Lëtzebuerger an der Startformatioun, gouf awer an der Paus ausgewiesselt. Do stoung et schonn 1:0 fir Kiew. Den Andrej Yarmolenko, deen ë.a. fir Dortmund an Chelsea gespillt huet, huet den decisive Ball per Eelefmeter eragesat. Cherkasy steet no 5 Spilldeeg op der 5. Plaz.
Den zweeten Thill-Brudder, de Sébastien Thill, huet mat Stal Rzeszow an der polnescher Liga 1:1 bei Pogon Siedlce gedeelt. Nodeem Siedlce fréi den 1:0 markéiert hat, hätt de Lëtzebuerger per Eelefmeter ausgläiche kënnen, huet deen awer leie gelooss. Säi Coequipier huet et an der 45. Minutt besser gemaach a vum Punkt zum 1:1 eragesat. Rzeszow léisst domat wichteg Punkte leien, well Siedlce um Wupp vun der Tabell steet.
Samschdeg
An der Nuecht op e Sonndeg huet Los Angeles FC mam Maxime Chanot 0:2 géint Houston Dynamo verluer. De Chanot gouf an der Paus ausgewiesselt, do stoung et schonn 0:1 aus der Siicht vu Los Angeles. Domat verléiert LA FC an der Tabell den Uschloss un de Lokalrival Los Angeles Galaxy an huet elo 5 Punkte Réckstand, awer zwee Matcher manner an der Western Conference wéi LA Galaxy.
Nom 1:1-Remis zu Moreirense gouf um Samschdeg den Trainer Roger Schmidt vu Benfica Lissabon entlooss. No 4 Spilldeeg kritt de Leandro Barreiro also en neien Trainer.
An der 2. däitscher Bundesliga huet Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte héich mat 4:0 géint Darmstadt gewonnen. De Match gouf no 64 Minutten ënnerbrach, well de Florian Le Joncour vun Elversberg sech uerg um Ielebou blesséiert hat. Nodeems de Spiller ronn 20 Minutte behandelt gouf, konnt hien awer mat der Ambulanz an d’Clinique gefouert ginn an huet um Wee an d’Ambulanz den Daum an d’Luucht gewisen. D’Partie konnt weidergoen a gouf och no 25 Minutten Nospillzäit ofgepaff.
Bei der 4:0-Victoire vu Magdeburg zu Nürnberg stoung den Eldin Dzogovic net am Kader. Hie koum zanter dem Ufank vun der Saison virun allem bei der 2. Ekipp an den Asaz.
Gladbach huet an der 1. Bundesliga 2:0 zu Bochum gewonnen. Wéinst senger Blessur um Knéi ass den Yvandro Borges nach net am Kader.
A Portugal huet den Eric Veiga mat AVS 1:2 zu Santa Clara de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 65. Minutt ausgewiesselt.
A China huet Guangxi Pingguo Haliao 3:2 géint Qingdao Red Lions gewonnen. De Gerson Rodrigues stoung net am Kader, hie war wéinst enger rouder Kaart gespaart. No 21 Spilldeeg steet Guangxi Pingguo Haliao mat 35 Punkten op der 4. Plaz an huet 8 Punkte Réckstand op eng Opstigsplaz.
An der zweeter belscher Liga huet Beveren, wou de Laurent Jans als Kapitän fungéiert, 0:0 mat RFC Léck gedeelt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung wärend 90 Minutten um Terrain. Beveren huet no 3 Spilldeeg nach keng Néierlag um Kont, awer schonn zwee Gläichspiller.
Freideg
Am portugisesche Championnat huet Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro auswäerts 1:1 géint den FC Moreirense gläich gespillt. D'Lokalekipp war an der 86. Minutt duerch e Gol vum Ofori a Féierung gaangen. An der sechster Minutt vun der Nospillzäit huet de Leonardo nach ausgeglach an domadder Benfica ee Punkt geséchert. De Lëtzebuerger Nationalspiller Barreiro stoung de komplette Match um Terrain. No véier Spilldeeg huet Benfica siwe Punkten um Kont.
An der franséischer Ligue 2 huet Bastia mam Lëtzebuerger Florian Bohnert mat 1:0 beim FC Martigues gewonnen. Den decisive Gol huet de Rodrigues an der 50. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de komplette Match um Terrain. Nodeems Bastia mat engem Remis an d'Saison gestart war, gouf et déi lescht zwee Spilldeeg zwou Victoiren. Mat siwe Punkte steet een um Freidegowend op der 2. Tabelleplaz.
An der 1. Divisioun an Holland huet Den Bosch mam David Jonathans auswäerts 2:1 géint déi zweet Ekipp vun Ajax Amsterdam gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 63. Minutt agewiesselt. Nom véierte Spilldag steet Den Bosch mat siwe Punkten op der 4. Plaz an der Tabell.
An der 2. Liga an Éisträich gouf et fir St. Pölten mam Dirk Carlson eng Néierlag. Auswäerts huet ee sech misse mat 1:2 géint First Vienna geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun an huet de Match duerchgespillt. No fënnef Spilldeeg steet St. Pölten mat nëmmen zwee Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell.
Am bosnesche Championnat huet Sarajevo mam Mirza Mustafic 2:0 géint Radnik Bijeljina gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 56. Minutt ausgewiesselt.
An der däitscher Bundesliga huet fir de Kont vum 2. Spilldag St. Pauli mat 0:1 géint Union Berlin verluer. Den Danel Sinani stoung bei St. Pauli net am Kader.