Victor Bettendorf mat duebeler Victoire zu Roum

© AFP (Archiv)
Nodeems de Lëtzebuerger net un den Olympesche Spiller deelhuele konnt, weist hie säi Kënnen beim Grand Prix zu Roum. An dat direkt zwee Mol.
De Victor Bettendorf huet säi Kënnen op en Neits ënner Beweis gestallt. Beim CSI-5* zu Roum konnt de Lëtzebuerger schonn e Samschdeg d'Qualifikatioun fir de Grand Prix fir sech entscheeden an huet och e Sonndeg de Grand Prix vun der Global Champions Tour mat sengem Päerd Foxy de la Roque gewannen.
Beim Grand Prix goung et am Sprangen iwwer 1,60 Meter héich Hindernisser mat engem uschléissende Stiechen. Dëst Turnéier war mat 500.000 € dotéiert. Et konnte sech 6 Reider fir d'Stieche qualifizéieren. Nodeems de Bettendorf am éischten Tour feelerfräi duerch de Parcours goung, ass him och am Stiechen eng Nullronn gelongen. Dat an enger Zäit vu 34,07 Sekonnen, wat d'Beschtzäit bedeit huet.
Mat dëser Victoire huet sech de Victor Bettendorf fir Global Champions Tour Super Grand Prix zu Riad a Saudiarabien qualifizéiert.
Aus der Dressur gëtt eng ganz gutt zweet Plaz fir d'Fie Christine Skarsoe mat hirem Päerd Imperador dos Cedros an der Kür beim CDI-5* zu Corzet ze vermellen.