De Victor Bettendorf wëll näischt iwwerstierzen an dem Päerd déi néideg Zäit ginn.

E Samschdeg an der Qualifikatioun fir de Grand Prix CSI-5 Stären hat de Sprangreider mat sengem Päerd Foxy de la Roque mat der éischter Plaz scho gewisen, datt mat hinnen ze rechnen ass. Am Stieche vum Grand Prix huet de Lëtzebuerger sech an enger Zäit vu 34,07 Sekonne kloer kënnen duerchsetzen. Am Interview mam Franky Hippert kënnt hien nach eemol op seng Victoire zréck, denkt awer och schonn un d`Zukunft mam Foxy de la Roque.

De Victor Bettendorf iwwert d'Victoire zu Roum
Et misst een de Victor Bettendorf a säi Päerd Foxy de la Roque an Zukunft eescht huelen.

D`olympesch Spiller waren dem Victor Bettendorf no fir d`Foxy de la Roque nach e bëssen ze fréi komm, Zil ass et, d'Mier sou opzebauen. datt si fir zukünfteg grouss Turnéier prett ass. De Victor Bettendorf wëll dem Päerd awer déi néideg Zäit ginn an näischt iwwerstierzen.

"Et ass eng Mier mat extreem vill Qualitéit"
De Victor Bettendorf kennt d'Päerd schonn zanter et op d'Welt komm ass. Et kënnt aus der Zuucht vu senge Schwéierelteren.

D`Foxy de la Roque kritt lo eng wuel verdéngte Paus. Dono géif de Victor Bettendrof gären um Enn vum Joer beim Super Grand zu Riad a Saudiarabien an dem Turnéier zu Genf en Héichpunkt setzen.