FLTT léisst "keng Kritik, keng eege Meenung, keng Verbesserungsvirschléi" zou

D'Sarah De Nutte hat ëffentlech Kritik un der FLTT geäussert, d'Federatioun hirersäits huet kee Versteesdemech gewisen. Elo melle sech fréier an aktuell Sportler, déi dem Sarah De Nutte de Réck stäipen. / © AFP
Eng Partie fréier an aktuell Sportler aus dem Grand-Duché hunn e Samschdeg een oppene Bréif un ënnert anerem de Sportminister an d'FLTT adresséiert.
Am Bréif, dee vu 35 aktuellen a fréiere Sportler aus dem Grand-Duché matgedroe gëtt, gëtt d'Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun ferm kritiséiert. Hannergrond ass d'Affär ronderëm d'Olympesch Spiller zu Paräis, wou d'Sarah De Nutte nom Out an der éischter Ronn an Interviewen d'FLTT kritiséiert hat, well hire perséinlechen Trainer, de Peter Teglas, obwuel en déi néideg Akkreditatioun hat, si net huet dierfe coachen. D'Sarah De Nutte hat am Interview gesot, si hätt dëst net erlaabt kritt a kéint dëst net verstoen. An der Suite hat d'FLTT kee Versteesdemech fir d'Lëtzebuerger Athletin an huet eng ëffentlech Rüg ausgeschwat.
An hirem Bréif betounen déi 35 fréier an aktuell Sportler, datt d'FLTT "keng Kritik, keng eege Meenung, keng Verbesserungsvirschléi vu sengen Athleten zouléisst".
"Mat wuessender Begeeschterung kënne mir den Engagement vun esou villen Institutiounen constatéieren, déi mat Läif a Séil all Chance ergräife fir de Progrès vun der Lëtzebuerger Sportszeen ze fërderen an ze developpéieren.", heescht et am Bréif. domat bezitt ee sech op de Sportministère, de COSL, den INAPS an d'Arméi.
D'FLTT wier awer dee Vertrieder, deen "aus der Rei" danze géif an domat all déi aner Beméiungen ënnergruewen an an de Schied stelle géif. Donieft geheit een der Federatioun "Selbstjustiz" vir.
Dëst Behuele vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun wier keen "Präzedenzfall". D'FLTT hätt sech schonns méi Feeltrëtter erlaabt, ënnert anerem dowéinst hätt och de fréieren Nationalspiller Eric Glod der Federatioun de Réck gedréint.
"An engem Land, an deem Meenungsfräiheet als Grondrecht consideréiert gëtt, muss dëst Grondrecht och à tout prix protegéiert ginn, fir d‘Transparenz, den Zesummenhalt an d'Integritéit vun der Lëtzebuerger Sportszeen ze garantéieren.", heescht et weider am Bréif, dat aus Angscht, datt weidere Sportler a Sportlerinnen Änleches geschitt.