Golf - e Sport fir Jiddereen?

Et ginn eng Rei Virurteeler géint Golf. Et soll just fir al a räich Leit sinn an eigentlech kee richtege Sport sinn. Mir hunn eis en eegent Bild gemaach.
"Dat schlecht Bild vum Golf, dat kënnt nach vu fréier, wou dëst en elitäre Sport war", seet de Marc Schmit, President vun der Lëtzebuerger Golf-Federatioun. Haut wier dat net méi sou. Golf wier eng Sportaart fir jiddereen an och net nëmme fir déi räich. Member sinn an engem Club géif am Duerchschnëtt tëscht 150 an 200 Euro kaschten, sou de Marc Schmit. An och d'Etikett vun de Clibb wieren net esou streng, wéi dat dacks gemengt gëtt.
An de lescht Joren hätt ee vill an d'Juniorprogrammer investéiert an et hätt een och op Competitioune Succès. Den Douglas McLean begréisst dëst. Hie war Junior-Profi a Südafrika a spillt zënter klengem un. Haut ass hie Golftrainer am Club Kikuoka zu Kanech. Hien trainéiert Kanner, Erwuessener a Senioren. Fir hien huet Golf keen Alter. A just fir Seniore wier et definitiv net. "Et ass kierperlech schonn ustrengend, besonnesch am Ufank. Zemools wann een Turnéier spillt, dat geet dacks iwwer véier, fënnef Deeg. Mee och esou wann een sou eng Partie spille geet, spillt ee ronn véier an eng hallef Stonn. Et muss een och déi Konzentratioun opbréngen. Et ass also schonn ustrengend", sou de Golfprofi.

© RTL
Wéi ustrengend Golf wierklech ass, wollt ech selwer probéieren. Den Douglas McLean huet mir meng éischt Golfstonn ginn. A sou vill kann ee verroden - einfach ass et net.
De Golfsport wëll och zu Lëtzebuerg méi jonk ginn a géint Virurteeler virgoen. Dofir organiséieren d'Clibb hei am Land eng éischte Kéier d'National Golf Days. De 17. an den 18. Mee ka jiddereen dës Sportaart probéieren an ënnert anerem eng Trainingsstonn fir näischt kréien. D'Clibb maachen also hir Diere fir de Public op. Méi Informatiounen an aschreiwe kënnt Dir Iech hei.