D'Lëtzebuergerin ass mat enger Zäit vun 11,05 Sekonne knapp iwwer hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen.

No hirem erfollegräiche Wanter mat Bronzemedaile bei der Europameeschterschaft an der Weltmeeschterschaft ass d'Liichtathletin Patrizia van der Weken e Freideg den Owend an d'Outdoor-Saison gestart.

Beim Diamond-League-Meeting zu Doha ass si iwwer 100 Meter déi Fënneft ginn, dat mat engem staarke Chrono vun 11,05 Sekonnen. Domadder ass d'Lëtzebuergerin nëmme knapp iwwer hirem nationale Rekord vun 11,00 Sekonne bliwwen.

D'Course gouf gewonne vun der Jamaikanerin Tia Clayton mat engem Chrono vun 10,92 Sekonnen. Hir Zwillingsschwëster Tina Clayton ass mat enger Zäit vun 11,02 Sekonnen déi Zweet ginn. An d'Brittin Amy Hunt huet de Podium mat 11,03 Sekonne komplettéiert.

Mat dobäi war och d'Sprintlegend Shelly-Ann Fraser-Pryce aus Jamaika. Si ass mat 11,05 Sekonnen déi Véiert ginn.

Der Patrizia van der Weken hir Zäit ass méi séier wéi d'Norm, déi ee muss lafen, fir sech fir d'WM ze qualifizéieren. Dës läit nämlech bei 11,07 Sekonnen.