Fir den Optakt vun de Competitioune léisst de Prënz Felix et sech net huelen, eis Athlete live op der Plaz unzefeieren.

RTL

© rtl.lu

Prominent Fans waren en Dënschdegmoien um éischte Qualifikatiounsmatch vun eise Beachvolleyball-Hären op de Spiller vun de klenge Länner zu Gaascht. De Steve Weber an de Colin Hilbert goufen ënnert anerem vum Prënz Felix, vum COSL President Michel Knepper a vum Sportminister Georges Mischo ugefeiert. An de Prënz war am exklusiven RTL-Interview ganz begeeschtert vun der Atmosphär:

"Et war super spannend um Beachvolleyball a si hu fantastesch gespillt. D'Ouvertureszeremonie gëschter war schonn immens schéin. Ech si ganz houfreg op d'Organisatioun, souwuel op déi vun de Spiller wéi och op déi vum Team Lëtzebuerg. Mir si gutt opgestallt an hu staark Sportlerinnen a Sportler dobäi."

Um weidere Plang vum Prënz Felix stinn en Dënschdeg Visitte bei de Competitiounen am Cyclissem, am Judo an am Schwammen. Hie wäert bis en Donneschdeg de Moien an Andorra bleiwen, fir déi lëtzebuergesch Athleten unzefeieren.

RTL

© rtl.lu