Am Stade de Luxembourg war et um Freideg den Owend de Frëndschaftslännermatch tëscht Lëtzebuerg a Slowenien, mam besseren Enn fir d'Gäscht.

Et ass fir d'fënneft, dass béid Ekippe géintenee spillen. Déi leschte Kéier war dat 2007 de Fall an do hunn d'Slowenen 3:0 gewonnen. Bis elo konnt sech Slowenien ëmmer duerchsetzen. An dat ass och e Freideg den Owend esou bliwwen. Mat 0:1 hunn d'Rout Léiwen de Kierze gezunn.

Lëtzebuerger verléiert Frëndschaftslännermatch géint Slowenien (Resumé)
D'Rout Léiwen hu mat 0:1 de Kierzere gezunn.

Um 19 Auer ass de Match tëscht Lëtzebuerg a Slowenien ugepaff ginn, iwwerdeem op de Gradinen nach eng ganz Partie Plaze fräi bliwwe sinn.

RTL

© Serge Olmo

Am Kader vun deem Match hunn dann och verschidde Leit profitéiert, fir drop opmierksam ze maachen, dass een net mat der Decisioun vun der FLF averstanen ass, de Gerson Rodrigues spillen ze loossen. Initiéiert war d'Protestaktioun vum CID Fraen an Gender.

Lëtzebuerg - Slowenien 0:1

An der 5. Minutt konnten d'Lëtzebuerger eng éischte Kéier op de slowenesche Gol schéissen, dëst no enger Feelpass aus der Defense eraus. De Schoss vum Gerson Rodrigues konnt de Golkeeper awer iwwert de Gol deviéieren. Den uschléissende Corner huet fir keng Gefor gesuergt. An den éischten 10 Minutten ass et de Slowenen net gelonge geféierlech virun de Lëtzebuerger Gol ze kommen.

An der 19. Minutt kruten d'Slowenen e Fräistouss no um Lëtzebuerger Strofraum, aus deem se awer och kee Profit schloe konnten. Eng besser Geleeënheet hate se an der 32. Minutt no engem Corner. De Schoss aus gutt 16 Meter gouf awer nach vun engem eegene Spiller ofgefälscht, soss hätt et kënne geféierlech gi fir den Tiago Pereira.

An der 44. Minutt war et e bëssen iwwerraschend den 1:0 fir d'Slowenen. Iwwer riets konnt de Stojanovic sech géint de Pinto duerchsetzen. De Svetlin an der Mëtt huet de Ball aus knapp 8 Meter quasi nach just mussen iwwert d'Linn drécken.

An der 44. Minutt: Den 1:0 duerch de Svetlin
No gudder Viraarbecht vum Stojanovic ginn d'Slowenen aus dem Näischt a Féierung

Mat deem Resultat ass et an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent gouf et op e Fräistouss hin eng gutt Geleeënheet fir d'Lëtzebuerger. De stramme Schoss vum Gerson Rodriques ass awer lénks laanscht de Gol gaangen. Am direkte Géigenzuch war et bal den 2:0 fir d'Slowenen. Dee Gol gouf awer wéinst enger Abseitspositioun annuléiert.

An der 58. Minutt huet de Luc Holtz gewiesselt. De Pinto an de Madjo goufen ausgewiesselt, fir si koumen Dzogovic an Dardari op den Terrain. Den Dzogovic huet net laang gebraucht, bis en sech eng giel Kaart agefaangen huet, dat no engem haarde Foul. De Fräistouss vun de Slowenen ass an der Lëtzebuerger Mauer gelant.

An der 71. Minutt sinn de Sébastien Thill an de Vincent Thill agewiesselt gi fir de Florian Bohnert an de Leandro Barreiro. An der 77. Minutt lant eng laang Flank vum Jans um 2. Potto, wou den Dzogovic awer net méi dru komm ass.

An der 88. Minutt hat den Dirk Carlson eng grouss Chance op den Ausgläich. Säi Kappball goung awer riicht op de slowenesche Golkipp.

D'Lëtzebuerger Nationalekipp huet mat wäite Bäll an de Strofraum nach emol probéiert geféierlech ze ginn, ouni awer Succès ze hunn. 4 Minutten Nospillzäit sollten och näischt méi um Score änneren.

Lëtzebuerg géint Slowenien - Déi bescht Zeene vum Match
Slowenien ka sech duerch e Gol an der 44. Minutt mat 1:0 géint Lëtzebuerg behaapten.

Reaktiounen nom Match

Den Nationaltrainer Luc Holtz huet gemengt, dass ee mat der zweeter Hallschent kéint zefridde sinn, awer net mam Resultat. An der éischter Hallschent wier alles ze lues gewiescht, souwuel mam Ball, wéi och géint de Ball. Mat méi Energie a méi Tempo an der zweeter Hallschent wier et weesentlech besser gewiescht.

Den Danel Sinani huet en änleche Fazit gezu wéi den Nationaltrainer a war och der Meenung, dass een an den éischte 45 Minutten einfach keen Zougrëff op de Match kritt hätt.

De Kapitän Laurent Jans huet um RTL-Mikro dovu profitéiert, fir de Leit Merci ze soen, déi fir dëse Frëndschaftsmatch an de Stadion komm sinn. Wat d'Resultat ugeet, war hien der Meenung, dass een e Gläichspill verdéngt gehat hätt.

De Spillstil vun de Slowenen ass dem Dirk Carlson entgéint komm, ma och hie war der Meenung, dass ee méi verdéngt gehat hätt.

Reaktiounen nom Match
De Luc Holtz, de Laurent Jans, den Danel Sinani an den Dirk Carlson waren der Meenung, dass ee Gläichspill verdéngt gewiescht wier.