Kritik u Sécherheetsleit wéinst rabiatem Virgoe beim Lännermatch
D'Nominatioun vum Gerson Rodrigues an de Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet an de leschten Deeg fir vill Diskussioune gesuergt.
Hie gouf jo ënnert anerem wéinst haislecher Gewalt verurteelt. Dass hien awer nees fir d'FLF-Selektioun nominéiert gouf, ass op ville Plazen net op Versteesdemech gestouss.
Um Freideg den Owend stoung hien dann och vun Ufank u mat um Terrain, dat fir de Frëndschaftsmatch géint Slowenien.
Am Kader vun deem Match hunn dann och verschidde Leit profitéiert, fir drop opmierksam ze maachen, dass een net mat der Decisioun vun der FLF averstanen ass. Initiéiert war d'Protestaktioun vum CID Fraen an Gender.
Cléo Thoma:"Majo, ech sinn hei vum CID Fraen an Gender a mir hunn eng Aktioun fir ze protestéieren initiéiert, déi ass doduercher bedéngt, dass mer consternéiert sinn an och rose sinn, dass d 'FLF decidéiert huet, fir de Gerson Rodrigues ze selektionéieren, fir dëse Match, e Frëndschaftsmatch a bei deem et ëm näischt geet. Op där anerer Säit kann een ëmmer soen, souguer wann et d'Finall vun der Champions League wär oder vun der Weltmeeschterschaft, da wär et nach net OK. Well fir dee Spiller opzesetzen, dat ass eigentlech eng Aart a Weis, fir ze soen, majo, Violence domestique ënner anerem ass eigentlech OK. A mir sinn awer der Meenung, dass esou e Spëtzesportler och eng Virbildfunktioun huet, dass een eigentlech ee Comportement irreprochable soll hunn a wann dat awer esou mat duerchgeet, da si mir domat net averstanen an dat wëlle mir hei zum Ausdrock bréngen."
Op Plakater war ze liesen "Dir schützt Täter, mir schützen eis". Parallel gouf symbolesch déi rout Kaart gewisen, andeems rout DinA4-Blieder an d'Luucht gehale goufen.
Op engem anere Plakat stoung "FLF: Kompliz amplaz Konsequenz", oder nach "Schumm dech FLF".
Kritik u Sécherheetsleit wéinst rabiatem Virgoen
No enger Zäitchen hu Sécherheetsleit d’Banneren erofgeholl an d’Plakater agesammelt. CID Fraen an Gender kritiséiert an engem Communiqué, dobäi wieren d’Sécherheetsleit esou rabiat virgaangen, dass eng Persoun um Fanger blesséiert gouf. Si wier doropshin an d’Urgence gaangen. Ee Fanger wier gebrach an ee verrenkt, preziséiert d’Associatioun op eis Nofro hin.
Den FLF-Generalsekretär huet erkläert, et hätt een d’Plakater erofhuele gelooss, well ee sech verlies hätt a vun enger Beleidegung géint d’FLF op engem vun de Panneauen ausgaange wier.
Reaktioun vum Sportminister
A senger Funktioun als Sportminister huet de Goerges Mischo bei eis um Mikro d’Virgoe vun de Sécherheetsleit a Responsabele vun der FLF schaarf kritiséiert. Datt d’Protestaktioun ënnerbrach gi wier, wier schrecklech. Dat wier ee Verstouss géint d’Meenungsfräiheet. Hei misst eng Entschëllegung kommen. Hie wéilt déi Responsabel nach an den nächsten Deeg drop uschwätzen.
Reaktioun vu Femmes socialistes
D'Femmes socialistes fuerderen an engem Schreiwes, datt FLF sech ëffentlech erkläert an datt et Konsequenzen fir déi Responsabel gëtt, ugefaangen beim President vun der Fussballfederatioun dem Paul Philipp.
Donieft wier eng extern an onofhängeg Enquête néideg iwwert déi intern Praktiken vun der FLF a strukturell Reformen fir d'Gläichheet, d'Transparenz an de Respekt vun den demokratesche Grondrechter ze garantéieren.
D'Femmes socialistes appelléieren u jiddereen net ewech ze kucken. D'Demokratie géint keng Federatioun toleréieren, déi déi Wäerter mat Féiss trëppelt, déi se eigentlech misst verkierperen.