
D’Police huet den Doud confirméiert. De 24 Joer ale Mann war um Odeonsplatz virun den Ae vun de Spectateuren zesummegebrach. An der Suite ass hie vun de Rettungsekippe reaniméiert an an d’Spidol bruecht ginn. E Sonndeg am Nomëtteg ass en dunn am Spidol gestuerwen.