Zu Malta waren 130 Sportler a Sportlerinnen am Asaz, fir a Polen goufen der just 25 selektionéiert. Op de Spiller vun de klenge Länner goufen et 66 Medaile fir d’Team Lëtzebuerg. Op de leschten zwou Editioune vun de European Games gouf et der am Ganzen dräi.
D’Qualifikatiounskrittäre gi vun den europäesche Verbänn an dem Organisateur definéiert, do hänken Drauwe vill méi héich. D’European Games sinn dat zweetgréisste Multisportevent vun der Welt no den Olympesche Spiller. 7.000 Athleten aus 48 Natiounen trieden an 29 Sportaarten un. A verschiddenen Disziplinne stinn Europameeschtertitelen um Spill an anere Punkte fir de Worldranking oder och nach Quoteplaze fir d’Olympesch Spiller zu Paräis. Trotz dem héije Niveau kënne verschiddener vun eise Spëtzesportler sech berechtegt Chancen op eng Medail ausrechnen.
D’Kandidate fir eng Medail sinn d’Jeanne Lehair, déi de leschte Sonndeg zu Madrid Europameeschterin am Triathlon gouf. Dann awer och eis Dëschtennisspiller, virop d’Ni Xia Lian, d’Bouschéisser mam Jeff Henckels an der Compoundspezialistin Mariya Shkolna an d’Jenny Warling, dat am Karate no enger Verletzungspaus erëm op Toure kënnt.
Den 21. Juni geet et lass a Polen.