3. Europäesch Spiller zu Krakau an Ëmgéigend25 Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
Vum 21. Juni bis den 2. Juli, wäert zu Krakau an Ëmgéigend, mat den 3. European Games, dat gréisst Multisportevent, no den Olympesche Spiller, stattfannen.

7000 Athleten an Athletinnen, aus 48 verschiddene Länner, wäerten an 13 verschiddene polnesche Stied, an 29 verschiddene Sportaarten, un de Spiller deelhuelen.

A verschidde Sportaarte sti Quoteplaze fir d´Olympesch Spiller zu Paräis um Spill, an anere Rankingspunkten oder och nach Europameeschtertitelen.

European Games 2024 (Reportage vum 6. Juni 2023)
25 Lëtzebuerger Sportler fir d’Spiller zu Krakau nominéiert

25 Athleteninnen an Athleten haten d´Qualifikatiounskrittäre vun hiren internationale Federatiounen erfëllt, a goufe vum COSL selektionéiert. Am wäitste vu Krakau ewech, sinn d´Kompetitiounen am Schéissen, programméiert. Wroclaw läit 270km vu Krakau. Zu Minsk, hat Ni Xia Lian d´Bronzemedaile am Dëschtennis gewonnen an de Gilles Seywert Selwer am Compound Bouschéissen. Den 21. Juni wäert am Henryk Reyman Stadion, am Zentrum vu Krakau, mat der Erëffnungszeremonie, den offizielle Start vun den Europäesche Spiller, sinn.

D’Coupe d’Europe vun de Natiounen an der Liichtathletik zu Chorzow

Fir d’Liichtathleten, fänken d’European Games, den 20. Juni un, en Dag éischter wei déi aner Sportaarten. D’Liichtathletik, ass wuel an d’Europäesch Spiller integréiert, huet awer e spezielle Status.

D’Selektioune gi vun de nationale Federatioune gemaach am Contraire, zu deenen anere Sportaarten, wou déi international Verbänn d’Soen hunn.

16 Natiounen huelen an der 2. Divisioun, vun der Coupe d’Europe vun den Natiounen, wärend 3 Deeg, deel. Der Lëtzebuerger Nationalequipe, war et wärend der virleschter Editioun gelonge fir an d'2. Divisioun opzesteigen. Si wäerten alles probéieren, fir hier Plaz do ze sécheren. Si reese mat engem Mix, vun hiren Toppathleten a jonken Talenter un. Fir eng Victoire an enger Disziplin ginn et 16 Punkten, fir eng 2. Plaz der 15, an esou weider. Zum Schluss gëtt dann d´Total gemaach.

Back to Top
CIM LOGO