
Am Triathlon koum de Gregor Payet iwwer déi olympesch Distanz op déi 26. Plaz. De Bob Haller huet no enger Chute opginn.
Am Dëschtennis gouf et fir d’Lëtzebuerger Dammen-Ekipp an de 1/16-Finallen och en enttäuschend Resultat. An hirem Duell mat der Ukrain haten d’Tessy Gonderinger, d’Sarah De Nutte an d’Ni Xia Lian net hire beschten Dag erwëscht. Am éischte Match gouf et am Dubbel fir d’Tessy Gonderinger an d’Sarah De Nutte direkt eng 0:3-Néierlag. D’Ni Xia Lian konnt awer an hirem eenzel Match op 1:1 fir Lëtzebuerg ausgläichen, nodeems si 3:1 géint Margaryta Pesotska gewonnen hat.
Am drëtte Match sollt et dem Sarah De Nutte awer net geléngen, hirer Ekipp den Avantage ze sécheren. An engem enke Match misst d’Sportzaldotin sech mat 1:3 zum Schluss geschloe ginn.
Domat hat d’Ukrain fir de véierte Match mat enger 2:1-Féierung schonns d’Méiglechkeet, de Sak zouzemaachen. D’Ni Xia Lian wollt sech an d’Lëtzebuerger Ekipp awer nach net geschloe ginn, soudass si an hirem zweete perséinleche Match mat enger souveräner 3:0-Victoire e leschte Match forcéiere konnt.
Leider huet et um Enn awer net sollte si mam Schrëtt an déi nächst Ronn fir eis Léiwinnen, dat nodeems d’Tessy Gonderinger mat 1:3 der Ukrainerin Pesotska ënnerleeë war.
Am Badminton goung et e Mëttwoch mat de Gruppematcher vum Kim Schmidt bei den Dammen an dem Jerome Pauquet bei den Hären.
Et konnt ee sech erwaarden, dass et fir d’Kim Schmidt am drëtte Match méi komplizéiert géif gi wéi an den zwee éischten Dueller, déi si gewanne konnt. Hir Géignerin hat schonns 2019 d’Goldmedaile am Badminton bei de European Games zu Minsk mat Heem geholl. An zwee klore Sätz 5:21 an 6:21 verléiert d’Kim Schmidt dann och géint d’Favoritin Mia Blichfeldt aus Dänemark. Trotzdeem ass déi jonk Lëtzebuergerin mat zwee gewonnene Dueller aus dräi Matcher sécherlech zefridden mat hirem Resultat am Grupp B.
Fir de Jerome Pauquet gouf et am Grupp F och an der leschter Partie eng weider Néierlag. An zwee Sätz huet och hie sech géint den Andraz Krapez aus Slowenien misse geschloe ginn. Domat schléisst hie seng Grupp mat 3 Néierlagen of.