
Zum Optakt beim Billie Jean King Cup gouf et fir d’Lëtzebuerger direkt eng verdéngten 3:0-Victoire géint de Montenegro. Schonns no de Simple-Matcher waren d’Lëtzebuerger sécher gewonnen. Esou konnt sech souwuel d’Eleonora Molinaro an zwee Sätz mat 6:0 a 6:4 géint d’Petra Mirkovic duerchsetze souwéi och d’Marie Weckerle an zwee Sätz (6:0, 6:1) géint d’Iva Lakic.
Zum Ofschloss konnt den Duo Schaul/Molinaro och nach den Dubbel mat 6:1 a 6:4 gewannen, soudatt um Enn eng 3:0-Victoire um Pabeier steet.
No dëser gudder Leeschtung geet et schonns e Mëttwoch weider. Do heescht de Géigner dann Zypern.