Liichtathletik3 national Rekorder beim Optakt an der Coque

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend hunn d'Lëtzebuerger Liichtathlete beim 1. Meeting vun der Wantersaison an der Coque iwwerzeegt.
© RTL-Archivbild

Direkt dräi national Rekorder goufen e Freideg den Owend beim Meeting an der Coque realiséiert. D’Charline Mathias, d’Patrizia van der Weken an de Bob Bertemes konnte sech iwwer nei Landesrekorder freeën.

D’Sprinterin van der Weken ass iwwer 300 Meter eng Zäit vun 39,55 Sekonne gelaf. Den alen nationale Rekord louch bei 39,95 Sekonnen.

D’Charline Mathias ass iwwer 1.000 Meter mat engem Chrono vun 2'45'’39 däitlech ënnert der aler Beschtzäit vum Vera Hoffmann (2'49'61) bliwwen.

De Bob Bertemes huet säin eegenen nationale Rekord iwwer 5.000 Meter verbessert. Hien ass eng Zäit vu 14'34'’20 gelaf. Domadder war hie ronn dräi Sekonne méi séier wéi virun zwee Joer (14'37'’15).

Back to Top
CIM LOGO