BGL Ligue3 Spilldeeg viru Schluss - All wichteg Infoe ronderëm den Ofstigskampf

RTL Lëtzebuerg
An der héchster Divisioun am nationale Futtball-Championnat stinn nach déi lescht 3 Spilldeeg um Programm.

Hei ass et virun allem am Kampf géint den Ofstig immens spannend. D’Plaze 16 bis 12 leien nämlech nëmme 4 Punkten auserneen. D’UN Käerjeng läit op der leschter Plaz mat 18 Punkten, op der 15. Plaz steet Hueschtert och mat 18 Punkten. D’Etzella op der 14. Tabelleplaz huet 19 Punkten an da kommen op de Plazen 13 an 12 d’Escher Fola a Monnerech mat jeeweils 22 Punkten. Déi zwee Tabellelescht steige jo direkt an d’Éierepromotioun of, iwwerdeems den 13. an de 14. an de Barrage musse géint de 4., respektiv 3. aus der Éierepromotioun.

FC Monnerech - Plaz 12 mat 22 Punkten

Punkten aus de leschte 5 Matcher: 4 Punkten (1 Victoire, 1 Remis an 3 Néierlagen)

Programm fir de Rescht vun der Saison: auswäerts géint Käerjeng (16.), doheem géint Péiteng (4.) an auswäerts géint Rouspert (11.)

Resultater an der Allersronn

Den Opsteiger Monnerech spillt um 28. Spilldag géint den Tabelleleschte Käerjeng an hofft do op eng Victoire. Sollt dëst geléngen, stéing een an den zwee leschte Matcher géint Péiteng a Rouspert schonns e gutt Stéck manner ënner Drock. Ma den Opsteiger stécht aktuell och an der Kris. An de leschten 11 Matcher gouf et nëmmen eng eenzeg Victoire. Deemno muss d’Ekipp ronderëm den El Hassan M’Barki, deen dës Saison schonns 14 Goler markéiert huet, eng 180-Grad-Dréiung realiséieren, wann een den direkte Maintien realiséiere wëll.

D’Ekipp vu Monnerech am Detail.

Fola Esch - Plaz 13 mat 22 Punkten

Punkten aus de leschte 5 Matcher: 3 Punkten (1 Victoire, 4 Néierlagen)

Programm fir de Rescht vun der Saison: auswäerts géint Hueschtert (15.), doheem géint de Racing (5.) an auswäerts géint Stroossen (9.)

Resultater an der Allersronn

No enger katastrophaler Hironn war d’Escher Fola Tabelleleschten. An der Réckronn an ënnert dem neien Trainer Stefano Bensi huet d’Ekipp vun Esch sech allerdéngs nees e bëssen erkritt an eng Zäit huet ee geduecht, si kéinten den Ofstigskampf evitéieren, ma déi lescht 4 Matcher hunn déi Escher alleguerte verluer. Deemno weist den Trend aktuell nees no ënnen. Mat Hueschtert hu si um 28. Spilldag dann awer direkt d’Chance, sech mat enger Victoire géint den direkte Konkurrent Hueschtert e bësse Loft ze verschafen.

D’Ekipp vun der Fola am Detail.

Etzella Ettelbréck - Plaz 14 mat 19 Punkten

Punkten aus de leschte 5 Matcher: 7 Punkten (2 Victoiren, 1 Remis, 2 Néierlagen)

Programm fir de Rescht vun der Saison: auswäerts géint de Racing (5.), doheem géint Stroossen (9.) an auswäerts géint Péiteng (4.)

Resultater an der Allersronn

Laang Zäit huet et aus der Siicht vun der Ettelbrécker Etzella ganz schlecht ausgesinn. No engem eigentlech gudde Start an d’Saison louch een du laang Zäit ofgeschloen op der leschter Tabelleplaz. Ma d’Ekipp aus dem Däich huet an de leschte Wochen den zweeten Otem kritt an ass op déi aktuell Form gekuckt wuel déi bescht Ekipp am Ofstigskampf, och wann ee leschte Weekend eng Victoire géint den direkte Konkurrent Hueschtert nach verschenkt huet. D'3:0-Victoirë géint Käerjeng an d’Jeunesse ginn awer Hoffnung, datt d’Etzella sech méiglecherweis e weidert Joer virum Ofstig rette kann. Et muss een donieft awer soen, datt déi Ettelbrécker vun alle 5 Ekippen den um Pabeier schwéierste Programm hu fir d’Schlussphas vum Championnat.

D’Ekipp vun der Etzella am Detail.

US Hueschtert - Plaz 15 mat 18 Punkten

Punkten aus de leschte 5 Matcher: 2 Punkten (2 Remis, 3 Néierlagen)

Programm fir de Rescht vun der Saison: doheem géint d’Fola (13.), auswäerts géint Déifferdeng (6.) an doheem géint Munneref (8.)

Resultater an der Allersronn

Hueschtert huet zanter 13 Matcher net méi gewonnen, déi lescht Victoire gouf et de 4. Dezember 2022 beim 1:0-Erfolleg géint d’Escher Fola. Mëttlerweil sëtzt och nees den Henri Bossi op der Trainerbänk vun der Ekipp aus dem Gréngewald. De 65 Joer alen Trainer huet déi Hueschterter schonns méi wéi eng Kéier virum Ofstig gerett. Aktuell gesäit et awer net gutt aus. Sollt een de Weekend géint d’Escher Fola verléieren, huet een dono mat Déifferdeng a Munneref nach zwee ganz ongemittlech Géigner viru sech.

D’Ekipp vun Hueschtert am Detail.

UN Käerjeng - Plaz 16 mat 18 Punkten

Punkten aus de leschte 5 Matcher: 1 Punkt (1 Remis, 4 Néierlagen)

Programm fir de Rescht vun der Saison: doheem géint Monnerech (12.), doheem géint Rouspert (11.) an auswäerts géint Wolz (10.)

Resultater an der Allersronn

Den Opsteiger Käerjeng huet aktuell wuel déi schlechtste Kaarten, fir de Maintien ze realiséieren. Net nëmme well de Veräin Tabelleleschten ass, ma d’UN Käerjeng huet och zanter 18 Matcher net méi gewonnen. Déi lescht Victoire an der BGL Ligue gouf et de 16. Oktober 2022 beim 3:2-Erfolleg géint d’Escher Fola. Och den Trainerwiessel huet näischt un der Negativ-Serie vum Opsteiger geännert. Dat eenzegt, wat de Käerjenger e bëssen Hoffnung dierft ginn, ass, datt si vun den Ofstigskandidaten den um Pabeier einfachste Programm hunn. Donieft duerf ee sech de Weekend géint den direkte Konkurrent Monnerech awer wuel kaum eng weider Néierlag erlaben.

D’Ekipp vu Käerjeng am Detail.

Déi komplett Tabell am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO