Stramme Programm400 Schüler a Schülerinne sinn dëst Joer am Sportlycée ageschriwwen

Christophe Hochard
Hei solle jonk Spëtzesportler d'Méiglechkeet kréien, sech schoulesch a sportlech optimal weider ze entwéckelen.
Sportslycée
Wat am Joer 2001 mat e puer Sportsklassen am Lycée Aline Mayrisch ugefaangen hat, huet sech duerno rasant entwéckelt.

E Wee, deen oft ustrengend ass a vun de Schüler vill ofverlaangt. Ëmmerhin ass de Schoulprogramm dee selwechten ewéi an anere Lycéeën. Fir déi jonk Athleten optimal ze ënnerstëtzen, bitt de Sportlycée hinne verschidde speziell Servicer un.

Nieft dem Schoulpensum verbréngen déi verschidde Sportler a Sportlerinne vill Stonnen op hirem Training oder sinn am Kader vun hirem Sport am Ausland ënnerwee. Esou och de Rémi Fabiani. Hien ass Schwëmmer an aktuell op enger Première.

Well de Rémi wéinst enger Competitioun an d’Ausland goe muss, kann hien net an d’Coursen. Zesumme mam Stéphanie Hinger kuckt de Sportler, wéi hien d’Matière nohuelen, respektiv wéini eng Prüfung noschreiwe kann.

Et ass all Kéiers déi respektiv Federatioun vum Athlet déi eng Demande bei der Schoul erareecht, ARS genannt - “Absence pour Raisons Sportives”. Et geet drëms de Sportler vun de Coursë fräizestellen. Et gëtt da gekuckt, ob een dat direkt accordéiert, oder ob de Schüler eventuell grad Problemer an der Schoul huet. Do schaffe si mat engem Luuchtesystem - gréng, orange, rout. Ass e Schüler “gréng”, ass alles ok, bei “orange” muss de Conseil de classe gefrot ginn, ob de Schüler däerf fort, a bei “rout”, muss en an der Schoul bleiwen.

Op elo Nohëllef an engem Fach oder sech organiséiere fir déi verpasste Coursë vu Schoulkolleegen ze kréien. Dëse Service ass fir d’Schüler extrem hëllefräich.

Medezinesch Betreiung huet am Sportlycée och hir Plaz. All Moien ass eng Ekipp vu Kinéen disponibel, fir mat deene Jonken ze schaffen, esou och de Philippe Pierini. Hien encadréiert déi Sportler, déi um Federatiouns- oder Schoultraining net kënnen deelhuelen. Fir si gëtt et engersäits en alternativen Trainingsprogramm, fir dass se hir Form kënne bäibehalen. Et ginn awer och spezifesch Traininge gemaach, fir z.B. e blesséierte Sportler nees fit ze kréien.

Individuell Berodung fir d’Ernährung bitt dann d’Diététicienne Tammy Diderich de Sportler un. Eng ganz panopli u Rotschléi huet si parat, sief et an der Virbereedung oder wärend de Competitiounen.

Schoul a Sport beschtméiglechst ënnert een Hutt kréien. Dobäi well de Sportlycée de Sportler a Sportlerinnen hëllefen a si ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO