Vill Fotoen45. Editioun vum Ouschterlaf zu Maacher

RTL Lëtzebuerg
Fir de CAE Grevemacher, de Veräin mat 220 aktive Memberen, ass dës Manifestatioun déi Gréissten am Joer.

D’Wiederkonditioune waren ideal. Laanscht Musel bléist zwar ëmmer eng kleng Lëftchen, fir dohinner an de Réck, fir zréck an d’Gesiicht. Fir de CAE Grevemacher, de Veräin mat 220 aktive Memberen, ass dës Manifestatioun déi Gréissten am Joer.

Wéi gewinnt waren och eng ganz Rei däitsch Leefer mat ënnerwee. Déi Bescht vun hinnen hu sech als 2. respektiv 3. klasséiert, hannert dem Jonas Kinde. Bei den Dammen gouf d’Anni Wolter éischt virum Anne Claire Decker, och vun der Fola.

Ouschterlaf
Fir de CAE Grevemacher, de Veräin mat 220 aktive Memberen, ass dës Manifestatioun déi Gréissten am Joer.

Polizisten, Douanieren an Leit vun der Arméi, waren zu Maacher ze gesinn. Et koum Verstäerkung aus dem Saarland. Et gouf awer weder kontrolléiert, nach protokolléiert. Si hu sech zesumme mat ronn 370 Leefer a Leeferinnen, op de Wee vum Ouschterlaf gemaach. Traditionell ass hiert internt Championnat an dësen 10km-Laf integréiert.

Wann een déi 6 verschidde Courssen zesummerechent, da kënnt een erëm mat ronn 550 Participanten lues a lues an d’Géigend vun den Zuele vu virun der Pandemie.

Nieft enger 5km Course stoungen och nach ee Jugend- an 3 Kannerleef um Programm. Bei de Kanner ass et net seelen, dass e Meedchen als éischt iwwert d’Linn leeft, virun de Jongen.

Déi nächst gréisser Manifestatioun vum CAE Grevenmacher ass den 30. Abrëll mam Museltriathlon.

Back to Top
CIM LOGO