
Dës zwou Ekippe wäerten och dës Saison ganz uewe matspillen, mee och déi 3 aner Ekippen aus den héich gehandelten topp Fënnef vum Lëtzebuerger Handball gi mat groussen Ambitiounen an déi nei Saison.
Bei de Red Boys hu verschidde staark Spiller d’Bot verlooss, anerer sinn elo nei am Kader, wéi déi Ex-Käerjenger Semedo a Rac, déi schonn hei zu Land gewisen hunn, wat si kënnen.
Den Dan Scheid weess, datt de Kader ganz staark ass, mee hie wëll awer net behaapten, datt seng Ekipp de Favorit ass.
Beim HC Bierchem fält haaptsächlech op, datt den Dany Scholten net méi mat dobäi ass, de Marko Stupar, dee Co-Trainer war, ass elo den Trainer an de Philipp Leist ass de Kader verstäerke komm.
Den HB Diddeleng huet sech haaptsächlech mam Kapitän vun der Nationalekipp Tommy Wirtz verstäerkt. Soss ass de Kader konstant an equilibréiert. De Mikel Molitor vum HBD huet Ambitiounen a léisst dat wëssen.
Ech denken, datt mir kee Blat dierfe virun de Mond huelen. Also mir musse fir op d’mannst en Titel spillen. Wann ech kucke wéi vill Spiller no un der Fin de carrière uknäppen, wier et flott, wa mir mat engem Titel géifen ophalen.D’Enttäuschung vun der leschter Saison war den HB Käerjeng. Den Trainer vun den Hären ass elo den Erfollegstrainer vun den Dammen an zwar de Zoran Radojevic, deen elo d’Dammen an d’Häre wäert trainéieren. 8 Spiller si gaangen an 8 sinn der komm, dorënner eng Partie Jugendspiller. Eréischt um 5. Spilldag mussen déi Käerjenger géint en Toppfavorit untrieden. Spéitstens da wäert ee wëssen, ob Käerjeng uewe kann ugräifen.
RTL-Artikel: Virschau Handball-Championnat: Et gëtt sech eng spannend Course ëm déi 6. Plaz erwaart