BGL Ligue5 positiv Fäll beim F91 Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Championnatsmatch am Futtball tëscht Diddeleng a Wolz gëtt vum 8. op den 18. August verréckelt.

Beim Club aus der Forge du Sud ginn et direkt e puer Spiller, déi positiv op Coronavirus getest goufen. Dat gouf eis vun de Responsabele vum Club confirméiert.

Um 11.40 Auer e Mëttwoch de Moien huet d’FLF matgedeelt, dass de Match tëscht Diddeleng a Wolz net den 8. August gespillt gëtt, mä op den 18. August um 20 Auer verréckelt gëtt.

Déi leschte Saison goufen d’Matcher ëmmer ofgesot, wa méi wéi 3 Spiller positiv waren. Dat ass jo den Ament beim F91 de Fall. Déi 5 Spiller mussen elo fir 10 Deeg a Quarantän bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO