
Mat dëse puer Tipps laaft dir nach besser.
Esou kuerz virum Depart kann ee roueg d’Been héich leeën, Musek lauschteren, e Buch liesen oder gemittlech e Film kucken. Nom Motto: iwwert den Dag esou mann wéi méiglech Energie verbrauchen.
Iwwert den Dag soll ee scho genuch Waasser drénken. Beim Iesse virun allem op Kuelenhydrater setzen. Déi lescht grouss Moolzecht spéitstens um 16 Auer.
Am Prinzip brauch ee sech net grouss virdru waarm ze lafen. E bësse wibbele geet duer. Bei 21 respektiv 42 Kilometer huet de Kierper genuch Zäit waarm ze ginn.

De Klassiker vun de Saachen, déi een um groussen Dag falsch maache kann, ass ze séier fortlafen. Dofir léiwer am Ufank gemittlech d’Ambiance genéissen. An esou Käre spuere fir de schwéiere Retour op de Kierchbierg.
Keng Experimenter wärend der Course. Also net op emol en neie Rigel oder Gel testen. Dat wichtegst ass, ënnerwee genuch ze drénken. Ideal versicht ee bei all Ravitaillement op d’mannst eng Schlupp ze drénken.
Vill Spaass beim lafen, a virun allem: kommt gesond nees iwwert d’Zil.