
Dat ass esou vill wéi nach ni a bal duebel esou vill wéi dat Joer virdrun. Dës Zuele stinn an engem Rapport vun der Weltfuttballfederatioun FIFA, deen um Dënschdeg publizéiert gouf. Eleng déi 10 deierst Transferte maache méi wéi 10 Prozent vun där ganzer Zomm aus. Dorënner de Wiessel vum Harry Kane vun Tottenham op München fir 100 Milliounen Euro oder dee vum Jude Bellingham vun Dortmund bei Real Madrid fir 103 Milliounen Euro.
Déi 5 Veräiner, déi am meeschte Suen ausginn hunn, sinn Chelsea, Paris Saint Germain, Liverpool, Real Madrid a Bayern München.