Gewiichthiewen9. Plaz fir d'Mara Strzykala op der Europameeschterschaft zu Jerewan

RTL Lëtzebuerg
An der armenescher Haaptstad huet d'Lëtzebuergerin op der EM e gutt Resultat geholl.
© Isaac Morillas Photo

D’Mara Strzykala ass bei de Fraen ënner 49 Kilo un den Depart gaangen an huet am Räissen 69 Kilo gepackt an am Stoussen esouguer 87, esou datt si op en Total vun 156 Kilo koum. Dëst ass dann duergaangen, fir eng 9. Plaz ënner 16 Konkurrenten an hirer Kategorie ze maachen. Gewonne gouf d’Klass vun der Rumänin Mihaela Valentina Cabei, déi am Total op 188 Kilo koum.

Back to Top
CIM LOGO