Magic Johnson trëtt iwwerraschend als President zeréck

© AFP
De Magic Johnson huet op enger Pressekonferenz virum leschte Match vun der Saison géint d'Portland Trail Blazers dës Informatioun bekannt ginn.
"Ech mengen, datt ech d'Bezéiung zur Lakers-Besëtzerin Jeanie Buss fir ëmmer erhale wëll. An ech denken, datt ech méi Spaass hat, wéi ech eng Zort grousse Brudder a Representant war", sou huet den Earvin "Magic" Johnson seng Decisioun, fir direkt als President vun den L.A. Lakers zeréckzetrieden, erkläert.
Dëse Schratt vum Johnson koum fir déi Verantwortlech vun de Lakers iwwerraschend, Den Johnson huet och zouginn, d'Jeanie Buss virun der Pressekonferenz net informéiert ze hunn.
Den Johnson hat 2017 d'Roll als President of Basketball Operations bei de Lakers iwwerholl. Dës Saison war allerdéngs nees enttäuschen, et huet een nämlech fir d'sechste Kéier noeneen d'Playoffs verpasst.