Vum 4. bis den 13. Oktober ass zu Stuttgart an der Hans Martin Schleyer Hal d'Weltmeeschterschaft am Konschtturnen.

Mat dobäi wäert och d'Lëtzebuergerin Céleste Mordenti sinn. Déi 16 Joer al Turnerin vu Gym Bouneweg wäert mat enger klenger Delegatioun op Stuttgart reesen, fir do weider international Erfarungen ze sammelen. Déi jonk Athletin wäert begleet gi vum Nationaltrainer Piotr Kopczynski, dem Manon Keyser, déi international Juge ass an dem Gilles Andring, dem Chef de délégation.

D'Céleste Mordenti war schonns ufanks dës Joers bei der Europameeschterschaft zu Szczecin a Polen dobäi, wou si mat 45,233 Punkten ee gutt Resultat realiséiere konnt. No dëser Leeschtung konnt d'Turnerin vu Bouneweg dunn och op d'Europaspiller zu Minsk goen, wou si mat 45,466 Punkten hir Form ënnerstrach huet. Den nächste Schratt ass elo d'WM zu Stuttgart, wou et dann och d'Méiglechkeet gëtt, sech fir d'olympesch Spiller zu Tokio ze qualifizéieren.

D'Lëtzebuerger Delegatioun wäert den 29. September zu Stuttgart ukommen, de Retour ass fir de 6. Oktober geplangt. De 4. Oktober um 20 Auer wäert si dann an der Qualifikatioun un den Depart goen, wou si fir d'éischt op d'Putter muss.