De 5. Dezember 2019 ginn am Casino 2000 zu Munneref nees de Sportler vum Joer, d'Sportlerin vum Joer, d'Ekipp vum Joer an den Trainer vum Joer geéiert.

Op der Generalversammlung vu sportspress.lu, dem Verband vun den nationale Sportjournalisten, goufen e Méindeg zu Hesper eng ganz Rëtsch Kandidate fir d'Awards Night nominéiert.

De Petz Lahure ass donieft fir weider 2 Joer als President confirméiert ginn.

Bei der Awards Night de 5. Dezember ginn de Bob Jungels, d’Christine Majerus an den F91 Diddeleng als Titelverdeedeger an d’Course.

Nominéiert fir Sportler vum Joer

Bertemes Bob, Liichtathletik
Gerson Lars, Futtball
Giannotte Flavio, Fechten
Jungels Bob, Cyclissem
Martins Christopher, Futtball
Nunes Dos Santos Claudio, Judo
Pereira Dylan, Automobilsport
Rychlicki Kamil, Volleyball
Seywert Gilles, Bouschéissen Compound
Sinani Danel, Futtball
Stacchiotti Raphaël, Schwammen
Wagner Nicolas, Dressurreiden
Zachäus Stefan, Triathlon

Nominéiert fir Sportlerin vum Joer

Bettendorf Charlotte, Sprangreiden
De Nutte Sarah, Dëschtennis
Fautsch Lis, Fechten
Majerus Christine, Cyclissem
Meynadier Magaly, Basketball
Meynen Julie, Schwammen
Ni Xia Lian, Dëschtennis
Warling Jenny, Karate
Welter Tina, Handball

Nominéiert fir Ekipp vum Joer

Futtball-Nationalekipp, Hären
F91 Diddeleng, Futtball / Hären
Handball-Nationalekipp, Hären
Tennis-FedCup-Ekipp, Dammen
Dëschtennis-Nationalekipp, Dammen

Nominéiert fir Trainer vum Joer

Basic Kresimir, Etzella Ettelbréck / Hären
Danielsson Tommy, Dëschtennis-Nationalekipp / Dammen
Gulbicki André, Handball Esch / Hären
Holtz Luc, Futtball-Nationalekipp / Hären
Lorang Dan, Triathlon / Jan Frodeno an Anne Haug

Präis fir de beschte jonke Sportler an déi beschte jonk Sportlerin

Curci Alessio, Futtball
Daniëls Eva, Triathlon

Präis Sport an Handicap

ELA Lëtzebuerg

Fair Play-Präis

F91 Diddeleng

Prix d'Honneur sportspress.lu

Grand-Duc Jean