
Zu Esch an der Uelzechtstrooss hat ech rezent e Rendez-vous mam Marie Laurini, Responsabel vun der "Maison Sourrire“. Mat engem grousse Grinsen am Gesiicht gouf ech bei der Hausdier empfaangen: "Wëllkomm bei eis."
2019 huet d’Marie d’ASBL "Sourrire“ gegrënnt. Dës ass eng Ulafplaz fir Leit an Nout. Zanter dësem Februar gëtt et elo d’Haus hei zu Esch. "An dësem Haus maache mir sozio-professionell Integratioun fir Leit, déi traumatiséiert sinn."
D’Marie Laurini ass 38 Joer al an ass zu Volmerange-les-Mines opgewuess, also direkt un der Grenz zu Lëtzebuerg. Psychologie a Psychotherapie huet déi jonk Fra op der Uni zu Metz studéiert. Datt si sech fir dës Formatioun entscheet huet, hat privat Grënn. Wéi d’Marie 3 Joer al war, ass hir Mamm schwéier krank ginn.
Mëttlerweil hëlleft d'Marie Laurini net nëmme Kanner, mee och Jugendlecher an Erwuessener. Hiren éischte Patron war d'Lëtzebuerger Rout Kräiz, wou si a verschiddene Servicer geschafft huet.
D'Konzept vun der "Maison Sourrire“ besteet ënner anerem doranner, de Leit ze hëllefen, eng Aarbecht ze fannen. "Eise Projet ass a fënnef verschidde Servicer opgedeelt. Mir hunn de Service Horeca, de Botzservice, en administrative Service, verschidden Atelieren an e Logistikservice. An dëse Servicer kënne mir Leit integréieren, déi d’Sprooch net schwätzen, déi Kanner mat spezifesche Besoinen hunn, Leit, déi ënner Ängschte leiden, oder déi alkohol- oder drogenofhängeg waren an elo hir Stabilitéit zréckfonnt hunn. Wat si all brauchen, fir dës Stabilitéit ze halen, ass eng reegelméisseg Aarbecht.“
Sou erkläert d’Marie mir hiren aktuelle Projet, dee vum Familljeministère an dem Fonds Social Européen ënnerstëtzt gëtt. Hei an der "Maison Sourrire“ fannen d’Leit also Aarbecht.
Vill Wäerter wieren an eiser Gesellschaft verluergaangen, wéi zum Beispill de Respekt oder d’Zäit. "De Gros vun de Leit sëtzt hannert hiren Ecranen oder huet d’Nues um Handy leien. Op der Strooss matenee schwätzen ass quasi onméiglech. E Renseignement froen, ass onméiglech. D’Leit lafen. Hei bei eis huele mir eis Zäit. Ech schwätze mat de Mënschen. Vu moies fréi bis owes spéit maachen ech esou eng Form vun Therapie. Mir begleeden d'Leit an hirem Alldag.“
D'Marie an hir Ekipp konnten och scho konkret Leit dobäi hëllefen, eng nei Aarbecht ze fannen.
Zu Diddeleng huet virun e puer Joer de Projet "Sourrire“ ugefaangen. Zwee Joer laang ware si an der Forge du Sud. "Dëst war en Haus, wou mir d'Leit den Dag iwwer begleet hunn an hinne verschidden Aktivitéiten ugebueden hunn.“ Zanter e puer Méint ass d’Marie Laurini mat hirer Ekipp zu Esch etabléiert.
"Maison Sourrire“ heescht also de Projet vum Marie. "Sourrire“ gëtt gäre mat zwee R geschriwwen. "Dat heescht, Soutien fir d’Résidents an d’Refugien iwwert Integratioun an de Respekt viru sech selwer." Dëst si wichteg Wäerter fir d'Marie.
"Wann s du net integréiert bass, fills du dech net doheem. Wann s du net respektéiert gëss, ass et och schwiereg. A wann s du dech selwer net wäertschätze kanns, da kënns du och net virun am Liewen."
D'Marie Laurini ass bestuet a Mamm vu fënnef Kanner – fënnef Meedercher am Alter tëscht véier Méint an néng Joer. De Leit an Nout, déi Schreckleches erlieft hunn, en Ouer ze schenken, ass der Psychotherapeutin wichteg. All Mënsch eescht huelen a versichen, esou gutt et geet ze hëllefen.
Ronn 100 Leit komme reegelméisseg an d’"Maison Sourrire“ – sief et fir ze diskutéieren, an enger geselleger Ronn ze sinn oder Ënnerstëtzung beim Opstelle vun engem CV ze kréien.
"Ech wollt de Leit, déi net vill Suen hunn, d'Méiglechkeet bidden, awer un Aktivitéiten deelzehuelen. Aktivitéiten, un deene si sech am Normalfall net bedeelege kéinten."
Zu Esch schaffen an der "Maison Sourrire“ Leit, déi responsabel fir d'Ateliere sinn an déi selwer an hirem Liewe Schreckleches erlieft hunn.
"Ech sinn iwwerglécklech." Dëst seet d’Marie mir um Schluss vum Interview. An dëst erkennt een och, wann een hir an d'Ae kuckt: E Mënsch, deen einfach nëmme begeeschtert ass, anere Mënschen hëllefen ze kënnen.