An der Nuecht op e SonndegBal 70 Policeasätz wéinst Stéierung vun Nuetsrou, Kläppereien a Streidereien

RTL Lëtzebuerg
Vill ze dinn hat d'Police e Samschdeg den Owend, respektiv am fréie Sonndegmoien. Wéinst Kaméidi, Kläppereien a Streidegkeeten, gouf ee bal 70 Mol an den Asaz geruff.
© Laurent Weber

Vun dëse bal 70 Fäll waren der ronn 40 wéinst Stéierunge vun der Nuetsrou. An deene meeschte Fäll hat d'Situatioun sech allerdéngs nees berouegt, nach ier Beamten op der Plaz waren oder se konnt sur place geléist ginn.

Anescht war et an de fréie Moiesstonnen zu Rolleng. An engem Café an der Rue de Luxembourg soll e staark alkoholiséierte Mann Sträit gesicht hunn. No enger Ausernanersetzung mat Gäscht war hien aus dem Lokal verwise ginn. Virun der Dier huet d'Police de Mann kuerz drop och erwëscht, wéi hie grad mat sengem Auto fortfuere wollt. Hie gouf doru gehënnert an huet missen en Alkoholtest maachen. Dobäi gouf hien ëmmer méi aggressiv an onkooperativ. D'Police huet hien dofir immobiliséiert an hien huet d'Nuecht am Passagearrest verbruecht.

Véier Protokoller wéinst Cannabisbesëtz bei Baggerweieren

E Samschdeg de Mëtteg hat d'Police dann och bei de Baggerweieren zu Remerschen gréisser Kontrolle gemaach, dobäi louch de Fokus besonnesch op Drogen. Véier Persoune krute Protokoller wéinst Cannabisbesëtz an et goufen och Geldstrofen an dräi Fäll verdeelt. Un de Kontrolle waren insgesamt 24 Policebeamte bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO