E Freideg den Owend huet zu London d’Darts-Weltmeeschterschaft vun der PDC ugefaangen. Déi 27. WM geet vum 13. Dezember bis den 1. Januar 2020.

Um éischten Dag war e Freideg den Owend direkt den aktuelle Weltmeeschter Michael van Gerwen gefuerdert. Den Hollänner huet sech géint säi Landsmann Jelle Klaasen net ganz einfach gedoen. De van Gerwen huet deen 1. Saz verluer an huet dem Klaasen am zweeten d'Chance ginn, sech den 2:0 ze huelen. Den Titelverdeedeger konnt dëst awer verhënneren an huet sech um Enn mat enger mëttelméisseger Leeschtung eng 3:1-Victoire geséchert. Den MVG steet domat an der drëtter Ronn.

An déi zweet Ronn hunn et iwwerdeems de Kim Huybrechts an de Luke Humphries gepackt.

Eckdaten

Am ganze gi 95 Partië bei der WM gespillt, ier dann den 1. Januar den Darts-Weltmeeschter 2020 feststeet. De Gewënner ka sech iwwert ee Scheck vu 500.000 Pond freeën. Am ganze gëtt ee Präisgeld vun 2,5 Millioune Pond un d'Participante verdeelt.

D'Partië gi wéi an de leschte Joer och am "Alexandra Palace" zu London gespillt. D'PDC huet sech géint ee Wiessel a méi eng grouss Hal decidéiert. Dofir gouf awer d'Zuel vun de Participanten op 96 gehéicht. Wat mat sech bréngt, datt méi Sessions organiséiert ginn. Am ganze goufen 100.000 Tickete verkaaft.

Gespillt gëtt bis Neijoerschdag all Dag ausser vum 24. bis de 26. Dezember an op Silvester.

Spillmodus

An der éischter Ronn gëtt am "Best-of-5"-Modus gespillt, wien also fir d'éischt dräi vu fënnef Sätz gewënnt, ass eng Ronn weider. An der zweeter an an der drëtter Ronn muss een da 4 Sätz (Best-of-7) gewannen. No der Véierelsfinall "Best-of-9" geet de Modus ëmmer ëm zwee weider Sätz an d'Luucht. An der Halleffinall brauchen d'Darts-Spiller da sechs gewonne Sätz (Best-of-11) an an der Finall brauch een der da 7 (Best-of-13) fir Weltmeeschter ze ginn.

Fir alleguer d'Matcher gëllt, datt deen decisive Saz mat zwee Legs Virsprong gewonne gi muss. Kënnt et zu engem 5:5, gëtt ee Sudden-Death-Leg gespillt, wat dann iwwert den Ausgang vun der Partie decidéiert.

Favoritten

Als Favorit gëllt den Hollänner Michael van Gerwen (Nummer 1 op der Welt). Hie geet als Titelverdeedeger an d'Kompetitioun. Seng Konkurrenz ass allerdéngs staark. Virop de fréiere Rugby-Profi Gerwyn Price (Nummer 3 op der Welt). Beim Grand Slam of Darts huet hie virun e puer Wochen de van Gerwen fir d'éischte Kéier a senger Karriär an engem Match geklappt. Donieft zielen nach de Rob Cross (Nummer 2 op der Welt), de Michael Smith, de Peter Wright an den Daryl Gurney zu de Favoritten. Mat engem Gary Anderson an ENGEM Adrian Lewis muss een och ëmmer rechnen.

Fir den Hollänner Raymond van Barneveld, deen dee Sport jorelaang mat bestëmmt huet, ass et de leschte groussen Tournoi.