E Samschdeg war de Lëtzebuerger bei de franséische Landesmeeschterschaften am 25-Meter-Baseng zu Angers am Asaz.

Op de franséische Meeschterschaften am Schwammen huet de Julien Henx säi Lëtzebuerger Rekord am 25-Mete-Baseng iwwer d'50-Meter-Papillon ëm 11 Honnertstel verbessert. Déi nei Zäit steet elo bei 23 Sekonnen a 15 Honnertstel.

An der Final koum hie mat där Zäit op déi 6. Plaz