
D'Police mécht de 5. September 2026 en Zeienopruff, wéinst engem Tëschefall vum 18. Februar 2026. Deen Ament hat eng bis elo onbekannte Persoun probéiert géint 13:50 Auer Suen op engem Bancomat an der Rue de Bonnevoie an der Stad opzehiewen, dëst mat enger geklauter Bancomatskaart.
Wien Informatiounen iwwert d'Identitéit vun der gesichter Persoun huet, soll sech wgl bei der Police mellen, entweder via Telefon um (+352) 244 35 1000 oder via Email op police.portedelouest@police.etat.lu.