E Sonndeg den Owend huet TMZ.com gemellt, dass de Kobe Bryant mat engem Helikopter erofgefall ass. 9 Leit si gestuerwen.

D'NBA-Legend huet den Accident net iwwerlieft. Nieft dem fréiere Spiller vun de Lakers gouf ufanks gemellt, dass nach 4 weider Persounen am Helikopter waren, wéi dësen an der Géigend vu Calabasas erofgefall ass.

Op enger Pressekonferenz um 23 Auer eiser Zäit huet d'Police dunn awer annoncéiert, dass 9 Leit beim Ongléck ëm d'Liewe komm sinn.

Weider wollt d'Police keng Nimm vun den Affer nennen. Hei huet ee gesot, et wéilt ee méi spéit kommunizéieren, wann d'Geriichtsmedeziner hir Aarbecht gemaach hunn.

NBC mellt, dass d'Rettungsekippe séier op der Plaz waren an d'Feier läsche konnten. D'Leit, déi am Helikopter souzen, konnt een awer net méi hëllefen. De Kobe Bryant war dofir bekannt, dass hien dacks mam Helikopter ënnerwee war.

D'Black Mamba ass 41 Joer al ginn an zielt zu deene beschte Basketspiller vun Allenzäiten. Hien huet seng ganz Karriär bei de Lakers gespillt a konnt mat hinne 5 Mol d'NBA gewannen. Weider huet hie mat den USA zweemol Gold bei Olympia gewonnen a gouf a senger Karriär 18 mol an d’All Star Team gewielt.

Zesumme mat Basketballstar u Bord vum Helikopter war seng 13 Joer al Duechter Gianna Maria Onroe, déi den Accident och net iwwerlieft huet, dat mellt TMZ a berifft sech dobäi op Quellen aus dem Ëmfeld vun der Famill. Net an den Accident involvéiert waren dem Kobe Bryant seng Fra Vanessa an 3 weider Duechteren.

Reaktiounen op den Doud