De Jeff Kettenmeyer mat engem Réckbléck op ee Sportler, wéi et der déi lescht Joerzéngten net vill goufen.

E Sonndeg den Owend koum déi traureg Nouvelle, datt de fréieren US-amerikanesche Basketspiller Kobe Bryant am Alter vun nëmmen 41 Joer bei engem Helikopter-Crash a Kalifornien zesumme mat senger 13 Joer aler Duechter "Gigi" ëm d'Liewe komm ass.

RIP Kobe Bryant/Noruff vum Jeff Kettenmeyer

De Kobe Bryant huet dominéiert, polariséiert a sech och no méi schwierege Momenter ëmmer zeréckgekämpft. U sech alles, wat ee vun engem Spëtzesportler ka verlaangen.

Hie gouf 5 Mol NBA-Champion, 18 Mol All Star an huet 2 Mol olympescht Gold mat den USA gewonnen. Seng ganz Karriär huet hie fir d'LA Lakers gespillt, dat vun 1996 bis 2016.

De Kobe Bryant war awer méi wéi just ee richteg gudde Basketspiller.

Wann ee sou wëll, war hien de Michael Jordan vun enger ganzer Generatioun, dat eleng ass wuel dat gréisste Kompliment, wat ee ka kréien.

Hien huet iwwer 20 Joer dem Basket säi Stempel opgedréckt, Sportler, Jugendlecher, wéi och Erwuessener weltwäit inspiréiert a motivéiert.

Seng Astellung zu senger Aarbecht war perfekt, vläicht scho bal e bëssen ze vill dees Gudden, den absolutte Wëllen, den Optimum aus allem erauszehuelen, genau dat huet hie seng ganz Karriär iwwer gemaach.

Den Numm "Kobe" ass praktesch zu engem Begrëff ginn. Den Ausdrock "Mamba Mentality" ass a Basket-Kreesser weltwäit eng Liewensastellung. D'Trikotnummeren 8 a 24 wäert een ëmmer mat him a Relatioun setzen.

Verschidde Sportler geléngt et, ee bestëmmte grousse Moment fir d'Geschichtsbicher ze hunn, beim Kobe Bryant sinn et där e puer méi.

Onvergiesslech bleiwe seng 81 Punkten am Joer 2006 géint Toronto, wéi hie sech 2013 d'Achillesseen gerass huet an awer nach op d'Fautëlinn gaangen ass, éier en ausgewiesselt gouf, oder ee vu senge ville Wërf, déi a leschter Sekonn ee Match decidéiert hunn.

De Kobe Bryant stierft am Alter vun 41 Joer vill ze fréi, genee wéi seng 13 Joer jonk Duechter Gianna an nach 7 aner Persoune beim Helikopter-Ongléck.

Hien hannerléisst seng Fra Vanessa an 3 weider Duechteren.

De Kobe Bryant ass Geschicht, eng Geschicht, déi fir ëmmer bleift.